PoliceKierperlech Ausernanersetzung a Flüchtlingsheem zu Stroossen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch huet d'Police zu Stroossen an enger Opfaangstruktur fir Refugiéë missen intervenéieren.

Eng Persoun koum mat Schnëttverletzungen um Aarm an d'Spidol. De presuméierten Täter gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO