Reouverture Brasserie GuillaumeIwwer e Joer nom Feier sinn d'Diere vum bekannte Restaurant nees opgaang

Christophe Hochard
Zanter dem Joer 2000 gëtt et am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg d'Brasserie Guillaume.
Reouverture Brasserie Guillaume
Zanter dem Joer 2000 gëtt et am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg d'Brasserie Guillaume.

D'lescht Joer am Mee koum et an dësem Lokal zu engem Feier an d'Geschäft war duerno iwwer e Joer laang zou. Eréischt um Samschdeg konnten déi éischt Clienten nees zerwéiert ginn.

Freides 10. Mee 2019 kuerz no 4 Auer: Um Knuedler ass an engem landbekannte Lokal e Feier ausgebrach. An der Kichen huet alles ugefaangen. Duerch d'Hott hu sech d'Flamen hire Wee bis erop an den Daachstull gesicht a fonnt. De ganzen Daach ass verbrannt. Vum Elektreschen bis zur Heizung. 60 Pompjeeë waren deemools am Asaz. Eng staark Dampentwécklung huet hinnen d'Läschaarbechten net einfach gemaach. 5 Pompjeescorpsen hunn am Mee d'lescht Joer versicht, dass d'Feier net op d'Nopeschgebaier iwwergräift.

Zanter 20 Joer gëtt et mëttlerweil d'Brasserie um Knuedler. Wärend ronn 14 Méint war hei nom Feier e Schantjen. Alles huet missen nei gemaach ginn, ouni dobäi d'Séil vum Geschäft z'änneren.

Dem Patron war et wichteg säi Personal net missen op d'Strooss ze setzen. Ronn 45 Leit verdéngen hiert Brout an dësem Restaurant. Vum Kichen- bis iwwer de Botzservice. Zanter e Samschdeg huet d'Brasserie also hier Dieren fir d'Clienten nees op. A selbstverständlech gëllen och hei d'Coronamesuren.

Back to Top
CIM LOGO