Déi eng schaffen am Team, déi aner hu sech Strategien ausgeduecht, an dat alles fir hire Bus ze fannen. Um Busarrêt Monterey Quai 4 steet reegelméisseg eng ganz Schlaang u Busser. Depart, Terminus oder an der Paus - déi 7 Linne benotzen de selwechte Quai fir alles.
“De Problem ass, dass se verschidden hir Paus do maachen. A wann déi da vir stinn, da muss een ëmmer erëm kucke lafen, wéini dass deen en Nummer gëtt, wat fir en Nummer e gëtt, an et muss een hannen an engems oppassen, wann déi kommen, déi erëm direkt fueren. An dat ass onméiglech”, erkläert den Emile Lucas, deen de Bus um Monterey reegelméisseg hëlt.
Zesumme mat senger Fra schaffe si als Ekipp zesummen, fir de Bus net ze verpassen. Deen ee bleift hannen um Quai stoen, iwwerdeems deen aneren erop an erof geet, fir ze kucke wéini de Bus seng Nummer uweist. Si sinn awer net déi Eenzeg, déi sech sou Pläng ausschaffen, fir dat richtegt Transportmëttel ze fannen. Anerer kucken direkt, wann si hannen um Quai ukommen, ob hire Bus schonn ugewise gëtt, wärenddeem si no vir trëppelen.
Dass d’Busser, déi an der Paus sinn, gemëscht mat deenen anere vir um Quai stin,n ass eigentlech net esou virgesinn. “U sech sollen d’Busser op där Plaz stoe bleiwen, wou och den Arrêt offiziell ass. A wann si dann dee Moment hir Paus maachen, misste se am Prinzip dann nach eng Kéier en Tour dréinen a sech dann hannen ustellen. Mee ech mengen, dat sinn Informatiounen, déi mir nach eng Kéier wäerten de Busfirmae matdeelen, fir dass dat dee Moment richteg kommunizéiert gëtt”, präziséiert de Léon Ludovici, Direkter vun der Verwaltung fir den ëffentlechen Transport.
An de leschte Méint goufen et och Problemer um Kierchbierg. Nodeem mir déi thematiséiert haten, koumen elo Ufank Mäerz Ännerungen um Pôle d’Echange Luxexpo. “Et sinn eng Rei Linnen, déi fueren elo erëm hei op der Luxexpo d’Quaien heibannen un, haaptsächlech d’Quaien 1A, B an C, a fueren dann duerno weider Richtung Boulevard Pierre Frieden”, esou den Direkter vun der ATP.
Am Ganze goufe 4 vu 24 Linne vum Quai 4 erëm no banne verluecht. Wat de Boulevard Frieden betrëfft, kruten d’Busfirmaen nach eng Kéier erkläert, wéi si sech ze behuelen hunn. “Dass mer dee Moment de Busfirmen eng Kéier ganz kloer gesot hunn, dass an de Kontrakter dra steet, dass d’Busser net däerfe mat de Motoren un do stoen a parallel maache mir awer och d’Kontrollen.”
Enn dës Joers géifen nach eng Kéier Ännerunge kommen, wann de Pôle de mobilité um Héienhaff bis op wäert sinn.
Bei Froen oder Bemierkungen zu de Busser kënnt Dir iech bei service@mobiliteit.lu mellen oder per Telephon um 2465 2465 (7 Deeg op 7 wärend de Büroszäiten)