Vill Privatwënzer hu schonn Enn August mat der Drauwelies ugefaangen. Dat gouf et nach ni op der Lëtzebuerger Musel. "Tendenziell gesäit ee jo, dass et ëmmer méi fréi gëtt. Ech sinn ëmmer Mëtt September liese gaangen. Déi lescht Joren ëmmer méi a Richtung Ufank September. Wou mäi Papp nach d'Wéngerte gemaach huet an d'Drauwen ofgeliwwert huet, déi hunn ëmmer ëm den 20. September ugefaangen. Also nom Riesling Open. Mëttlerweil fält dëse matzen an d'Lies", esou de Jeff Konsbrück, den neie President vun de Privatwënzer um RTL-Mikro.
2026 géif eng exzellent Qualitéit ginn. "Un der Séisst vun den Drauwen erkennt een dat an och wann een d'Analyse gesäit, de pH-Wäert an och d'Spill tëscht Äppel- a Wäinsäier, dat ass optimal, een Drëttel zu zwee Drëttel. Wann et net grad esou zeideg ass, dann ass d'Äppelsaier méi héich an dat schmaacht een dann och."
No zéng Deeg an der Lies kucken d'Privatwënzer ganz zouversiichtlech Richtung Schluss vun der Drauwelies. Ëm de 17. September wäre si fir dëst Joer fäerdeg.
D'Wënzer vun der Vinsmoselle hunn den 3. September an de Wéngerten ugefaangen. "D'Situatioun ass u sech esou, wéi mir se erwaart haten. Duerch déi Canicule war et enorm dréchen. Mir wäerte schonn e gréissere Verloscht hunn. Rieds geet vun 30 bis 40 Prozent. Drauwen hu manner Jus, manner kompakt, manner déck", esou de President vun der Vinsmoselle, Josy Gloden.
Duerch d'Hëtzt wär den Zockergehalt an den Drauwen dëst Joer allerdéngs ganz héich. "Wéinst dem dréchene Summer war de Krankheetsbefall ganz geréng", esou nach de Josy Gloden am RTL-Gespréich.
Fir d’Wënzer bedeit dat engersäits eng ganz gutt Qualitéit. Mee anerersäits däitlech manner Wäin, deen um Enn produzéiert ka ginn. Fir d’Martine Hansen, Ministesch fir de Wäibau, stellt sech domat d’Fro, wéi d’Wënzer an esou Situatioune kënne gehollef kréien:
"De Verloscht, loosse mer soe quantitativ ass en do, qualitativ definitiv net. Wat herno am Endeffekt am Portmonni iwwreg bleift, dat musse mer kucken. Wann mer Knëppelsteng hunn, oder wa Frascht ass, do leet d’Regierung bäi, bei enger Assurance. Dat ass eng Assurance, déi de Wënzer ka maachen, an de Staat bezilt 65% vun där Primm. Do hëllefe mer konkret an dat ass och gutt esou."
Déi manner Quantitéit kéint sech schlussendlech och am Präis bemierkbar maachen. Wann däitlech manner Drauwe gelies ginn, gëtt och manner Wäi produzéiert. Do stellt sech d’Fro, ob de Lëtzebuerger Wäin an Zukunft méi deier muss verkaaft ginn, fir d’Käschten ze decken.
Déi ëmmer méi fréi Lies ass och een Zeeche vun engem Wäibau, dee sech un de Klimawandel upasse muss. Den Institut Viti-Vinicole schafft dofir ënner anerem un neie Riefzorten an nohaltege Methoden, fir d’Wéngerten op déi verännert Konditioun virzebereeden. Fir d’Wënzer bleift awer och d’Organisatioun vun der Lies eng Erausfuerderung. Dëst Joer huet d’ADEM d’Vermëttlung vu Saisonsaarbechter méi individuell op déi eenzel Wënzerbetriber ausgeriicht. Trotz den Erausfuerderunge bleift de Bléck op de Joergang 2026 positiv.
Am Joer 2003 gouf och fréi mat der Drauwelies ugefaangen. Deemools war et och den 3. September, wou d'Wënzer vun der Genossenschaftskellerei an d'Lies goungen. "Déi lescht Joren hu mir ëmmer tëscht dem 10. a 15. September ugefaangen. Virun 20, 30 Joer hu mir eréischt nom 20. September ugefaangen. Deelweis si mir eréischt Enn September an d'Lies gaangen", esou nach de Vinsmoselle-President Josy Gloden.
