Bannent just 90min zu Walfer27 Protokoller wéinst Notze vum Handy wärend dem Fueren

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Police tëscht 15.30 a 17 Auer zu Walfer eng Kontroll gemaach, woubäi 33 mol géint de Code de la Route verstouss gouf.

An 3 Fäll gouf sech net un d'Gurtflicht gehalen, 2 mol gouf sech net un d'Verkéiersschëlder gehalen an an engem Fall, konnt kee valabele Führerschäin virgewise ginn.

Well bannent just esou kuerzer Zäit esou vill Automobilisten opgefall sinn, déi den Handy wärend dem Fuere genotzt hunn, mécht d'Police nach emol drop opmierksam, wéi geféierlech dat ass.

D'Protokoller leien iwwregens tëscht 24 Euro an 149 Euro (- 2 Punkten).

Back to Top
CIM LOGO