Verstéiss géint Corona-Reegelen20 Caféen a Restaurante goufe protokolléiert

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Verbreedung vum Coronavirus zu Lëtzebuerg anzedämmen, huet d'Police vum 20. bis de 26. Juli iwwer 180 Kontrollen uechtert d'Land duerchgefouert.

Dobäi gouf gekuckt, ob sech un d'Hygiènesmesuren a Fermeture-Zäite gehale gouf.

Am Ganze goufen 23 Protokoller ausgestallt, dovun 20 u Restauranten a Caféen zu Diddeleng, Déifferdeng, Esch an an der Stad Lëtzebuerg. An 2 Fäll hu Persounen d'Maskeflicht net respektéiert an 1 Persoun huet géint d'Isolatiounsreegele verstouss.

Och an nächster Zäit wäerte weider Kontrolle gemaach ginn. D'Police erënnert drun, dass d'Ausbreedung vum Virus just kann agedämmt ginn, wann all Eenzele sech solidaresch weist a verantwortungsvoll verhält.

Back to Top
CIM LOGO