Coronavirus zu Lëtzebuerg157 Neiinfektiounen an Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 114

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, op 114 geklommen ass.

D'Altersmoyenne vun den 114 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 157 positiv geteste Patienten, 138 vun hinne si Residenten, 19 Non-Residenten. Dat fir den 28. Juli. Et goufen um Dënschdeg 9.819 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 6.533 positiv Fäll, dorënner 5.345 Residenten an 1.188 Non-Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 42 Joer.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 416.012 Tester gemaach. Vun den 9.819 Tester, déi den 28. Juli duerchgefouert goufen, waren der 157 positiv.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.460 aktiv Infektioune ginn a 4.959 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 59 (+4) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 4 (-1) Patiente sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 1.020 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0.92. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO