
Heizou eng Carte Blanche vum Daniel Eischen:
Du muss onbedéngt den nächste Samsdeg bei eis heem iesse kommen. ECH KACHEN. - Wéi ? Du kachs ? – Jo. An ech hunn en neie Frigo. Deen ass konnektéiert, mat Kamera, Wifi an esou weider. – A firwat dat ? – Majo fir mir ze soen, wat ech am Frigo hunn oder net a wat ech domadder ka kachen … An ech hu mir esou en Truc kaf, en Thermomix, do kanns du eppes kachen, och wann s du guer net kache kanns. Hien erkläert dir alles. Du muss et just nomaachen. Genial.
Eise Kapp aschalten. Eis am Detail fir eppes interesséieren. Saachen a Fro stellen. Eppes Neies léieren.
Ech hunn d’Impressioun, dass mir ganz vill vun deene Saachen iwwer déi lescht Joren e bëssche lénks leie gelooss hunn. Net well mir onbedéngt méi liddereg gi sinn, mee well alles méi einfach ginn ass a verschidde Saachen einfach net méi schéngen néideg oder wichteg ze sinn; se geschéien, ouni dass mir eis implizéiere mussen. Vum Gaarderoboter, deen d’Wiss méint zum GPS, deen eis de Wee op d’belsch Plage uweist … an elo zu der AI, déi eis hëlleft, eis E-Mailen ze schreiwen, eis Investissementer ze plangen oder eist Haus ze renovéieren.
Mir brauchen eppes, mir kréien et, mir consomméieren et, a schwupps ass et fort a mir kënnen eis net méi drun erënneren. Eis Meenung zu engem Thema geet esou wäit, wéi dat wat, de Moien an enger WhatsApp-Grupp gedeelt ginn ass.
Well: Mir hunn a sech vu villes net vill Anung, awer zu allem eng Meenung.
Polemesch? Simplistesch? Nö. Et fänkt bei eise Kanner un. Kuckt déi rezent Pisa-Etüd. Verschidde Kompetenze ginn eise Kanner lues a lues verluer. Net well se méi domm sinn oder manner léieren. Well se anescht léieren an anescht op dat Léiere virbereet ginn. Hashtag iPad. Zënter Jore seet eis d’Entwécklungs-Psychologie oder -Pädagogik, dass, ier d’Kanner mam Kapp denken, si dat mat den Hänn maachen. Bastelen, Saachen upaken a manipuléieren, sech manuell beschäftegen… dat ass vill méi wéi en Zäitverdreif. Et hëlleft eis, de Kapp virzebereeden, op alles dat, wat mir nach musse léieren. Fir jonk Kanner sinn déi Saachen also essenziell, fir herno och kënne Wëssen ze manipuléieren an ze memoriséieren.
Mee zeréck op d‘AI, d‘Automatisatioun an den Thermomix.
Wéi en trojanescht Päerd hu mir déi Saache bei eis heem invitéiert. Iwwert de rouden Teppech. A mir hunn de Koko gutt gefiddert. A bemol sëtzt en och bei eis op der Schaff. D’AI presentéiert sech iwwerall bei eis an der Beruffswelt a mir hunn Angscht, dass mir eis Schaff verléieren. Mat guddem Grond. Dobäi schéngt et evident, dass d’AI nëmme gutt funktionéiert, wa si mat mënschlecher Erfarung gekoppelt gëtt. Mir musse se benotzen, challengen, optimiséieren… Mir mussen ophalen, eis Responsabilitéit ze delegéieren a just nozekucken.
Eis eegen Experienz, wa mir se dann hunn, spillt schlussendlech eng enorm Roll; et ass en Zesummespill. Mir mussen ebe weisen, wat mir kënnen, mir mussen eng Meenung hunn a kritesch un déi Saach eru goen.
Et geet net duer, e Päerd ze fidderen an ze heemelen. Du muss och drop reide kënnen. An dat léiert sech net op YouTube.