
An den USA ass et um Donneschdeg zu zwee Tëschefäll mat Schosswaffe komm. Am Bundesstaat Virginia huet en arméierte Mann op der Old Dominion University vun Norfolk ëm sech geschoss an dobäi zwou Persoune blesséiert. Dem Sender WSLS no wier den Täter entretemps dout. D’Héichschoul huet op de Soziale Medie matgedeelt, den Täter wier vun der Police “neutraliséiert” ginn. Wéinst den Ermëttlungen, déi opgeholl gi sinn, wäert de Cours e Freideg ausfalen an d’Studente sollten de Campus wäitraimeg meiden.
Bal zur selwechter Zäit ass et zu West Bloomberg am US-Bundesstaat Michigan och zu enger Schéisserei komm. Am Viruert vun Detroit ass en arméierte Mann mat sengem Camion an eng Synagog gerannt. Dem Policechef vun Oakland County no war hie mat sengem Gefier am Beräich vun der Entrée stoe bliwwen an duerno wier hie bei engem Schosswiessel mam Sécherheetspersonal déidlech getraff ginn. Wärend dem Tëschefall hätte sech Kanner a Mataarbechter am Gebai opgehalen, et wieren awer keng Blesséierter oder Affer ze bekloen. De Camion, deen a Brand gerode war a fir eng gréisser Dampentwécklung gesuergt hat, gouf op méiglecht explosiivt Material ënnersicht.
D’Gouverneurin vu Michigan Gretchen Whitmer huet de Virfall duerno verurteelt a gemengt, dass Antisemitismus a Gewalt keng Plaz hätten an hirem Bundesstaat. Iwwer d’Ëmstänn an d’Hannergrënn vu béiden Doten ass nach näischt gewosst. Déi jiddesch Federatioun vun Detroit huet matgedeelt, dass all weider Ariichtungen am Michigan aus Precautioun zougemaach gi wieren. Aus dem Wäissen Haus gëtt gemellt, dass de President Donald Trump iwwer béid Virfäll informéiert gi wier. Den israeeleschen Ausseminister Gideon Saar huet sech “schockéiert” gewisen, an gefuerdert, dass “Antisemitismus ni méi säi gräissleche Kapp dierft hiewen”.