Tracking-Firma confirméiertZwee Schëffer passéieren Hormus-Strooss trotz US-Blockad

AFP, iwwersat vun RTL
Eng Maritim-Tracking-Firma huet confirméiert, datt e Méindeg zwee Schëffer aus iraneschen Häfen duerch déi ëmkämpften Hormus-Strooss gefuer sinn, dat trotz aktiver US-Blockad.
D’US-Blockad vun der Hormus-Strooss ass e Méindeg um 16.00 Auer Lëtzebuerguer Zäit a Kraaft getrueden.
© -/AFP

Zwee Schëffer, déi iranesch Häfe benotzt hunn, sinn e Méindeg trotz enger US-Militärblockad duerch d’Strooss vun Hormus gefuer, esou Donnéeë vun der Maritim-Tracking-Firma Kpler, déi en Dënschdeg publizéiert goufen.

D’Frachtschëff “Christianna”, dat ënnert liberianescher Fändel seegelt, ass duerch déi strategesch Strooss gefuer, nodeems et Mais am iraneschen Hafe “Bandar Imam Khomeini” entlueden hat. D’Schëff gouf um 18.00 Auer Lëtzebuerger Zäit identifizéiert, zwou Stonnen nodeems d’US-Blockad a Kraaft getrueden ass.

En zweet Schëff, den Tanker “Elpis” mat komoreschem Fändel, war géint 13.00 Auer Lëtzebuerger Zäit bei der Insel Larak an huet géint 18.00 Auer d’Strooss komplett passéiert, esou d’Donnéeën.

Back to Top
CIM LOGO