
Zwee Männer hunn hei e puer Mol mat enger Pistoul op d’Konsulat geschoss. Wéi den delegéierte Policechef vun Toronto, de Frank Barredo erkläert huet, wieren déi zwee géint 4.30 Auer mat engem wäissen Auto virun d’Konsulat gefuer an hätten, nodeems si aus dem Gefier geklomme sinn, e puer Mol op d’Gebai geschoss. Deen Amant wieren och Leit am Gebai gewiescht, ma well d’Konsulat streng ofgeséchert wier, wier kengem eppes geschitt.
D’Police géif den Tëschefall als Incident, deen en Impakt op déi national Sécherheet huet, astufen. Et hätt een d’Sécherheetsmesuren fir amerikanesch an israeelesch diplomatesch Gebaier an der ganzer Stad en d’Luucht gesat.
De Chef vun der kanadescher Police, de Chris Leather huet géigeniwwer Journaliste gesot, dass et sech definitiv ëm en Incident mat engem Impakt op déi national Sécherheet géing handelen, ob et allerdéngs eng terroristesch Attack war, misst am Kader vun enger Enquête gekläert ginn. Iwwerdeems huet de Leather annoncéiert, dass d’Sécherheetsprotokoller fir d’diplomatesch Gebaier vun Israel an den USA net nëmmen zu Toronto, mee och an der Haaptstad Ottawa eropgesat ginn.
D’leschte Weekend ass et virum Konsulat zu Toronto zu Protester géint den amerikanesch-israeelesche Krich géint den Iran komm. Iwwerdeems gouf bannent de leschten Deeg zu Toronto och dräi Mol op Synagoge geschoss. Och hei gouf et keng Blesséierter.