Däitsch Police sicht ZeienZwee Leit no Course poursuite vu Lëtzebuerger Grenz Richtung Tréier festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Ze séier, geflücht an Accidenter gebaut: En Donneschdeg den Owend koum et zu enger Course poursuite vun der Lëtzebuerger Grenz bis an Tréier eran.
En däitsche Policeauto
© AFP

En Donneschdeg den Owend gouf der Police en Accident gemellt, bei deem sech zwee Gefierer bei der Place de l'Europe um Kierchbierg ze pake kruten. Wéi e Gefier vun der Police bei d'Plaz vum Accident gefuer koum, huet ee vun den implizéierte Chauffeuren de Police-Auto gerammt an ass mat sengem groen 3er BMW mat däitsche Placke fortgefuer.

Den Auto dee sech duerch d'Bascht gemaach huet, gouf kuerz drop vun enger weiderer Patrull vun der Police op der A1 gesinn. D'Beamten sinn dem Chauffeur dunn nogefuer, ma dësen huet refuséiert fir stoen ze bleiwen an ass mat héijer Vitess a Richtung Tréier gefuer.

Wéi d'Police vun Tréier matdeelt, koum et effektiv géint 19:20 Auer zu enger Course poursuite op der A64 op der Héicht vun der Lëtzebuerger Grenz a Richtung Tréier. Ee groen 3er BMW mat däitsche Placke war hei ze séier iwwer d'B51 an den Zentrum vun Tréier gefuer an ass trotz Signaler vun der Police net stoe bliwwen.

Bei der Flucht koum et zu op d'mannst dräi Kollisioune mat aneren Autoen. Anerer wieren duerch déi récksiichtslos Fuerweis a Gefor bruecht ginn.

Am Beräich vun der Andreas-Hovel-Strooss konnt de BMW du schlussendlech gestoppt ginn, Chauffer a Bäifuerer goufe festgeholl.

De Grond fir d'Flucht muss den Ament nach ermëttelt ginn.

D'Police freet Zeien a Leit, déi nach bei der Course poursuite geschiedegt goufen, sech bei der Police vun Tréier ënnert der Nummer +49 651 983 44150 ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO