Bëschbränn a GriichenlandZwee Läschhelikopteren bei Asaz kollidéiert, zwou Persoune gestuerwen

Marc Hoscheid
Op ville Plazen a Griichenland a soss an Europa hunn d'Rettungesekippen aktuell mat Bëschbränn ze kämpfen.

D'Situatioun ronderëm d'Bëschbränn a Griicheland ass weider kritesch: Well de Wand mat bis zu 100 Kilometer an der Stonn bléist, breede sech d'Feier aktuell séier aus. Zwee Läsch-Helikoptere sinn iwwerdeems bei engem Asaz zesummegestouss, vun den am Ganze 4 Leit u Bord sinn der 2 gestuerwen, déi 2 aner goufe lieweg gebuergen. Betraff ass ënnert anerem d'Regioun westlech vun Athen, grad esou wéi d'Hallefinsel Peloponnes an d'Insel Kreta.

Am Ganze goufen eng 8.500 Leit evakuéiert. 500 Pompjeeë sinn am Asaz. Och a Frankräich am Departement Aude an der Géigend vu Carcassonne ass nees ee gréissert Feier ausgebrach.

Back to Top
CIM LOGO