Zwee franséisch Kanner a Portugal ausgesatPolice hëlt Mamm vun de Bouwen an hire Partner fest

RTL mat AFP
Nodeems zwee Kanner vun 3 a 5 Joer um Bord vun enger Strooss a Portugal opfonnt gi sinn, huet d'Police d'Mamm vun de Bouwen an hiren neie Partner festgeholl.
Police hëlt Mamm vun ausgesate Kanner an hire Partner fest
Nodeems zwee Kanner vun 3 a 5 Joer um Bord vun enger Strooss a Portugal opfonnt gi sinn, huet d'Police d'Mamm vun de Bouwen an hiren neie Partner festgeholl.

Zwee kleng Kanner aus Frankräich, déi um Bord vun enger Strooss a Portugal fonnt gi sinn, si warscheinlech vun hirer Mamm an engem Bësch ausgesat ginn. De Parquet vu Colmar huet Ermëttlungen ageleet. D'Mamm vun den 3 a 5 Joer ale Jongen, déi zu Colmar ugemellt ass, konnt vun der portugisescher Police an der Stad Fatima dunn am spéiden Donneschdegnomëtte verhaft ginn, genee wéi hire 55 Joer ale Partner. Béid wieren engem Passant op der Terrass vun engem Café opgefall.

De Papp vun de Jongen, dee vun der Mamm getrennt lieft, hat sech no der Nouvelle, datt d'Kanner fonnt gi wieren, bei der Police gemellt an eng Plainte gemaach. D'Famill vun der 41 Joer aler Fra hat d'Verschwanne schonn den 11. Mee gemellt. Dem Parquet no konnt hire Wee vu Frankräich iwwer Spuenien a Portugal suivéiert ginn, mee et wier awer net zu engem Kontakt komm.

Och déi portugisesch Autoritéiten hunn Ermëttlungen ageleet. D'Mamm an hire neie Partner wieren deemno mat de Jongen an e Bësch gefuer, hätten hinnen d'Aen verbonnen a gesot, si sollen eng Spillsach sichen. Duerno wier d'Koppel mam Auto fortgefuer an hätt d'Kanner eleng gelooss. D'Jongen, déi gekrasch hunn, si spéider vun enger portugisescher Koppel um Bord vun enger Strooss fonnt ginn. Mat Hëllef vun enger franséischer Frëndin um Telefon hätte se sech verstännegt an dunn d'Police geruff. D'Jongen, déi Rucksäck mat Waasser, Kichelcher a Kleedung, awer keng Pabeieren dobäi haten, wieren duerno fir Ënnersichungen an e Spidol komm. Géint d'Mamm an hire Partner gëtt elo ënnert anerem wéinst Abus ermëttelt.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO