No schwéierem Äerdbiewen op de PhilippinnenZuel vun Doudesaffer op op d'mannst 61 geklommen

RTL Lëtzebuerg
Engem aktuelle Bilan no goufen iwwer 1.400 Leit blesséiert. 40 Persoune ginn nach vermësst.
Zerstéiert Gebai no Äerdbiewen op de Philippinnen
Zerstéiert Gebai no Äerdbiewen op de Philippinnen
© DANIEL CENG/Anadolu via AFP

Bal eng Woch nom schwéieren Äerdbiewen op de Philippinnen ass d'Zuel vun den Doudesaffer op op d'mannst 61 geklommen. 40 Persoune gi nach ëmmer vermësst an iwwer 1.400 goufen der blesséiert.

Dat weltwäit stäerkste Biewe vum Joer huet de leschte Méindeg Deeler vun der Insel Mindanao am Süde vun de Philippinnen getraff. Och Deeg drop ginn nach ëmmer Läiche gebuergen. Verschidden Dierfer sinn iwwerdeems nach ëmmer net ze areechen.

Back to Top
CIM LOGO