
Niewent den 51 Doudege goufen, den Asaz-Ekippen no, 132 Persoune blesséiert. Ronn 5.000 Mënsche wieren zënter dem éischte Biewen aus hiren Haiser geflücht, sou e Spriecher vun der Katastrophen-Unitéit e Sonndeg der AFP géigeniwwer. Et gëtt elo op Hëllef gewaart.
Dat éischt Biewen vun der Stäerkt 7,7 war e Samschdeg de Mueren indoneesescher Zäit. Den Epizentrum vum Biewen louch virun der Nordküst vun der Insel Flores am Oste vun Indonesien. Ufank hunn d'Autoritéiten eng Tsunami-Warnung erausginn, hunn dës awer e wéineg méi spéit nees opgehuewen. Vill Awunner sinn trotzdeem aus hiren Haiser gelaf an hu sech op Hiwwelen zeréckgezunn, déi an der Ëmgéigend waren. Déi indoneesesch Autoritéiten hunn op d'mannst 341 Nobiewen registréiert.
An enger Partie Géigenden ass de Stroum an d'Telekommunikatioun ausgefall, op d'mannst eng Strooss gouf komplett blockéiert. "Mir brauche Liewensmëttel, Waasser, Medikamenter a Wëndele fir d'Kanner", sou en Awunner aus dem Duerf Nangahale AFP géigeniwwer. Wéi vill aner Leit huet och dës Persoun d'Nuecht op engem Hiwwel verbruecht.
Déi indoneesesch Autoritéite fir Katastropheschutz hunn e Sonndeg annoncéiert, dass op d'mannst fënnef Helikopteren, eng Partie Fligeren, sou wéi Schëffer um Wee an déi betraffe Regioun wieren. D'Regierung huet eegenen Aussoen no 50.000 Hëllefspäck op d'Insel geschéckt.
Offiziellen Zuelen no goufe bis ewell méi wéi 900 Haiser uerg beschiedegt, honnerte weider Haiser hu méi kleng Schied dovunner gedroen.