DäitschlandNo landeswäiter Pann rullen déi éischt Zich nees

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg den Owend huet de kompletten Zuchverkéier an Däitschland musse gestoppt ginn.
De Logo vun der däitscher Bunn op der Haaptgare zu Berlin
De Logo vun der däitscher Bunn op der Haaptgare zu Berlin.
© CARSTEN KOALL/dpa Picture-Alliance via AFP

Wéinst enger Stéierung am Zuchfunknetz koum et um Dënschdegowend zu massive Stéierungen am däitschen Zuchtrafic. De Betrib gouf landeswäit agestallt, betraff ware Fern- a Regionalzich esou wéi d'S-Bahn-Netzer.

Géint 0:30 Aur sollen dunn awer nees déi éischt Zich gefuer sinn, nodeems de Grond vun der Pann am Funknetz identifizéiert gi war, housch et an däitsche Medie kuerz no Hallefnuecht.

Vun den CFL louch um Dënschdeg den Owend nach keng Informatioun vir, ob och Zich aus Lëtzebuerg vun de Perturbatiounen an Däitschland betraff wieren.

Back to Top
CIM LOGO