Nakhon RatchasimaZuchongléck an Thailand: Kran fält op Zuch, elo schonn 32 Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Baukran ass op een Zuch gefall, deen do ënnerwee war. Doropshin si méi Waggone entgleist an et ass Feier ausgebrach.
Zuchongléck an Thailand
E Baukran ass op een Zuch gefall, deen do ënnerwee war, doropshin si méi Waggone entgleist an et ass Feier ausgebrach.

Zu Nakhon Ratchasima, am Nordoste vu Bangkok, ass um Mëttwoch de Mëtten (9.05 Auer lokal Zäit) e Baukran op een Expresszuch gefall. De Bangkok-Ubon Ratchathani Zuch war mat 195 Leit, dorënner Passagéier a Personal, war mat 120 km/h ënnerwee.

De Kran ass op zwee Waggone gefall, doropshin sinn dës entgleist an et ass e Feier ausgebrach. Am zweete Waggon, dee 40 Passagéier u Bord hat, war et schwéier erauszeklammen, well déi automatesch Dieren a Fënsteren net manuell opkrut. Aenzeien hu fir d’éischt zwou Explosiounen héieren, wéi d’Metall vum Kran den zweete Waggon an der Mëtt duerchgeschnidden huet.

D’Rettungsdéngschter hunn d’Passagéier mat hydrauleschen Schéieren aus dem Wrack gerett a se a verschidde Spideeler bruecht. Bis 17.20 Auer goufen 32 Doudeger, 64 Verwonnter a dräi nach Vermësster gemellt. Vun de Verwonnte goufen der siwe schwéier, 19 mëttel-schwéier a 38 liicht verwonnt.

De Projet ass eigentlech déi éischt Sektioun vum Thai-Chinese High-Speed Railway, geplangt fir Bangkok mat Kunming (China) iwwer Laos ze verbannen, méiglecherweis bis 2030.

D’Sécherheetsmängel bei groussen Bauprojete stinn elo am Viséier vun der Politik. Eng Enquête gouf och opgemaach.

Back to Top
CIM LOGO