Zu Buggenhout an der BelschVéier Doudesaffer, dorënner zwee Kanner, bei Accident tëscht Schoulbus an Zuch

RTL Lëtzebuerg
Géint 8:15 Auer en Dënschdeg de Moien ass et zu Buggenhout am flamänneschen Deel vun der Belsch zu engem uergen Accident komm.

En Zuch krut hei e Schoulbus ze paken. Nodeems de belsche Mobilitéitsminister Jean-Luc Crucke scho géigeniwwer dem belschen RTL sot, dass zwee Schüler an zwee Erwuessener beim Accident gestuerwe sinn, huet de belschen Ausseminister a Vize-Premier Maxime Prevot d'Nouvelle elo op sengem Account op "X" confirméiert

Éischten Informatiounen no wieren d'Barrièren den Ament vum Accident ënnen an d'Rout Luuchten u gewiescht. Dat mellt d'Zeitung "De Standaard" a berifft sech dobäi op de Bedreiwer vum belsche Schinnennetz "Infrabel". Siwe Kanner an zwee Erwuessener sollen am Bus gewiescht sinn.

De Passage, op deem et zum Accident koum, läit ee Kilometer virun der Gare vu Buggenhout. Den Zuch, dee vu Brügge aus an Direktioun Buggenhout ënnerwee war, wier schonn amgaange gewiescht ofzebremsen, wéi et zum Accident komm ass. Ma den Impakt wier engem Vertrieder vun "Infrabel" no awer enorm gewiescht.

Et wier e kommunale Katastropheplang declenchéiert ginn. D'Secouriste sinn op der Plaz an den Zuchverkéier ass bis op Weideres suspendéiert.

De Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden huet iwwerdeems op sengem Account op "X" op den Accident reagéiert. Hie wier déif schockéiert an a Gedanken bei den Affer an hire Familljen.

Back to Top
CIM LOGO