
Dës Bommen, déi e Mëttwoch am Quartier "Auf Burghöhe/Auf Messenhöhe" fonnt goufen, goufen e Sonndeg de Moien entschäerft. Dat hat d'Gemeng Bitburg wéi och déi aner zoustänneg Autoritéite matgedeelt. Dowéinst gouf och eng Zon vun engem Radius vun 300 Meter ageriicht, an där all d'Bewunner e Sonndeg evakuéiert goufen.
Wéi et um Sonndeg de Moie vu den Autoritéiten heescht, hätt d'Evakuatioun ouni Problemer geklappt an d'Demineuren hätte souguer nach éischter mat hirer Aarbecht kënnen ufänken. Eng 200 Leit hunn hir Haiser aus Virsiichtsmoossname misste verloossen. Ronn eng Stonn waren d'Demineuren dono amgaangen, fir d'Bommen z'entschäerfen an ofzetransportéieren. Dono also e Sonndeg an der Mëttesstonn hunn d'Awunner nees zeréck an hir Haiser dierften.
Bei de Bomme soll et sech dem Volksfreund no ëm zwou verschidden Zorten handelen. Eng Kéier wier et eng 125 Kilo schwéier amerikanesch Bomm an dann nach sechs 30 Kilo schwéier US-Bommen, déi am Zweete Weltkrich erofgehäit goufen. D'Entschäerfen ass fir e Sonndeg um 11 Auer virgesinn. D'Evakuatioune ginn da virun 9 Auer duerchgefouert.