
Russland huet an der Nuecht op e Sonndeg eegenen Aussoen no iwwer 500 ukrainesch Dronen ofgefaangen. Sollt déi Zuel stëmmen, géif dat op e groussen Ugrëff vun der Ukrain hindeiten. D'Ukrain huet déi lescht Woche schonn ëmmer méi Territoiren a Russland ugegraff, och méi wäit hannert der Grenz. E Sonndeg huet sech och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj zu den Ugrëffer geäussert. Hien huet dës als "vollkomme gerechtfäerdegt" bezeechent. Et wier eng Reaktioun op déi permanent russesch Attacken, sou de Selenskyj op Telegram.
Dem Gouverneur vu Moskau no wieren dräi Persounen an der Regioun ëm déi russesch Haaptstad gestuerwen an Haiser a Wunnenge beschiedegt ginn. De Buergermeeschter vu Moskau schwätzt vun op d'mannst 17 Blesséierten. De Gros wier an der Géigend vun enger Pëtrolsraffinerie gewiescht, déi vun den Ukrainer ugegraff gouf.
Och de Fluchtrafick zu Moskau war wéinst der Dronegefor zäitweileg ënnerbrach. Russland hat d'Ukrain Mëtt der Woch no enger ganz kuerzer Waffepaus, wéi et heescht, sou schlëmm ugegraff wéi nach ni virdrun a 24 Leit ëmbruecht.
Dem ukrainesche President Selenskyj no soll Russland an de leschte Wochen an der Ukrain fir 52 Doudeger an iwwer 300 Blesséierter responsabel sinn.