Hir Wierker si mystesch, bëssen düster an déifgrënneg. Scho laang intresséiert d’Alexandra Uppman sech fir Themen wéi déi nordesch Mythologie, d’Natur, Abrien an aktuell ökologesch Froen. Titel vun hirer Ausstellung ass "Anvil Dust", wat souvill bedeit wéi Ambos-Stëpps. Virun allem d’Stad Esch, oder generell de Süde vu Lëtzebuerg, huet si fir hier lescht Aarbechten immens inspiréiert.
An hirer Zäit an der Kënschtlerresidenz am Bridderhaus huet d’Alexandra Uppman ugefaangen, sech mat neien Techniken auserneen ze setzen. Nieft Technike wéi de Fusain a Pastell huet si fir dës Expo och skulpturell geschafft a Materialië wéi Holz, Metall a Leem benotzt.
Fir “Anvil Dust” huet d’Alexandra Uppman mat der Curatrice Danielle Igniti zesumme geschafft. Si huet der Artistin dobäi gehollef, d’Wierker esou am Raum ze placéieren, datt d’Wierker eng Geschicht erzielen a matenee schwätzen. Et soll eng Ausstellung sinn, déi och d’Evolutioun vun der Kënschtlerin weist.
Nach bis den 14. November kann ee sech d’Expo “Anvil Dust” an der Galerie vum Escher Theater ukucke goen.