Stroumausfall zu BerlinWie stécht hannert der Attack? Wien ass d'Vulkangruppe? Oder war et Russland?

Marlène Clement
Aktuell ginn et am Internet méi Bekennerschreiwen, déi d'Dot revendiquéieren oder sech dovunner distanzéieren. Ma och eng ganz aner Pist ass nach méiglech.
Eng Koppel spadséiert duerch ee Quartier, deen duerch e Stroumausfall betraff war.
© ODD ANDERSEN/AFP

An den nächste Stonne misst ganz Berlin nees mat Stroum versuergt sinn. Wéinst enger Attack de leschte Samschdeg op de Stroumreseau haten zéngdausende Stéit an der däitscher Haaptstad deeglaang kee Stroum a keng Heizung. Och Schoule waren zou. Hannert dem Sabotage-Akt soll déi sougenannt “Vulkangruppe” stiechen, woubäi ee muss präziséieren, datt net just eng mee direkt e puer Gruppen ënnert deem Numm funktionéieren.

Stroumpann zu Berlin / Marlene Clement

Aktuell zirkuléieren nämlech e puer Stellungnamen online, iwwer deenen hir Authentizitéit nach diskutéiert gëtt. Direkt e Samschdeg hat eng vun de lénksextremen “Vulkangruppen” d’Attack an engem Schreiwes revendiquéiert. Hannert der Attack géing kloer eng lénksextrem Grupp stiechen, huet et duerno vun den Autoritéite geheescht. Parallel sinn an de leschten Deeg aner Theorien an de soziale Medien opgetaucht. Esou gëtt iwwer eng False-Flag-Aktioun spekuléiert, also datt en anert Land, méiglecherweis Russland, kéint hannert der Attack stiechen. Eppes wat haut an engem weidere Schreiwes vun de presuméierten Täter kloer dementéiert gëtt. Déi Spekulatioune wiere näischt anescht ewéi ee weidere Versuch, déi eegen “Ohnmacht” ze verstoppen, heescht et vun den Auteuren.

Kuerz duerno ass awer nach ee Schreiwes online opgetaucht, vun der anscheinend original “Vulkangruppe”, déi sech vum Sabotage-Akt d’lescht Woch distanzéieren. Hiert fréiert Handele géing benotzt ginn, fir aktuell Attacken ze legitiméieren.Aus Sécherheetskreesser heescht et iwwerdeems, déi verschidde “Vulkangruppen” hätte grondsätzlech dat selwecht Zil a géingen deemno ee gemeinsame “Label” benotzen.

Back to Top
CIM LOGO