20 verschidden Ziler ugegraffWHO warnt virun Attacken op iranesch medezinesch Ariichtungen

RTL mat AFP
Israel an d'USA hätte schonn eng 20 verschidde medezinesch Ariichtungen attackéiert, heescht et vun der WHO.
© -/AFP

D’World Health Organization huet e Freideg viru “der Widderhuelung vun Attacken op d’Gesondheet” am Iran gewarnt. Dës Warnung koum, nodeem de Pasteur Institut zu Teheran aus der Loft ugegraff gouf. “Verschidden Attacken op Gesondheetsariichtunge goufen aus der iranescher Haaptstad Teheran an de leschten Deeg gemellt. Dës weist, datt de Konflikt am Noen Osten eskaléiert”, esou de WHO Chef Tedros Adhanom Ghebreysus op X.

Him no wier den Pasteur Institut schwéier beschiedegt ginn an et wier wuel aktuell net méiglech, datt dëse seng Aufgaben am medezinesche Beräich ka weiderféieren. De Pasteur Institut war dann eng vun 20 medezineschen Ariichtungen, bei deenen d’Weltgesondheetsorganisatioun confirméiert, datt si Zil vun Attacke waren. Dëst confirméiert och den iranesche Gesondheetsminister, deen op X verschidde Fotoe vun de beschiedegten Institutioune publizéiert huet.

Vun den iranesche Medien heescht et dann, datt de “Service vum Pasteur Institut net duerch d’Attacke beaflosst wier”. Esou kéint d’Produktioun vu Vaccinen a Medikamenter weidergoen. Weider heescht et nach vun ISNA News, datt kee vun e Mataarbechter blesséiert gi wier.

De Pasteur Institut ass ee vun den eelsten Ariichtunge fir Recherche a Medezin am Iran. E gouf schonn 1920 gegrënnt an huet kee Lien mam Institut Pasteur zu Paräis. Dem WHO Chef Tedros no spillt den Institut eng wichteg Roll beim Schutz vun der Gesondheet vun der iranescher Populatioun an dat och am Fall vun Noutfäll.

Back to Top
CIM LOGO