UNO-Generalsekretär Antonio GuterresWeltwäit Militärdepensë sinn 13 Mol sou héich wéi sämtlech Ausgabe fir d'Entwécklungshëllef

RTL Lëtzebuerg
D'Prioritéite fir dat neit Joer sollten iwwerduecht ginn, fuerdert den UNO-Chef a sengem Neijoerschmessage.

D’Welt steet virun enger wichteger Kräizung, et muss méi fir Fridden a Klimaschutz gemaach ginn”. Dat ass de Schwéierpunkt vum Neijoerschmessage vum UNO-Generalsekretär Antonio Guterres dëst Joer.

Aktuell wiere mer vu Chaos an Onsécherheet ëmginn, vu Gewalt, Spléckung a permanente Verstéiss géint d’Vëlkerrecht. Wann d’Welt méi sécher soll ginn, da misst méi an d’Lutte géint d’Aarmut investéiert ginn, wéi a Kricher. Déi weltwäit Militär-Depensë wiere mat 2,7 Billiounen Dollar 13 Mol sou héich wéi sämtlech Ausgaben an d’Entwécklungshëllef.

D’Prioritéite fir dat neit Joer sollten iwwerduecht ginn, fuerdert den UNO-Chef an appelléiert dofir un d’ganz Welt, fir méi Humanitéit, méi Gerechtegkeet a méi Fridden.

Back to Top
CIM LOGO