
Vun Oktober u sollen am Schnëtt just nach 29,5 Schëffspassage méiglech sinn. Dat geet aus enger Demande un d'Parlament ervir. Esou soll séchergestallt ginn, "dass de Kanal weiderhi sécher, effizient a gewënnbréngend bedriwwe ginn", sou de Minister fir Kanalugeleeënheeten, de José Ramón Ycaza. Ufank September war d'Zuel vun de Passagen scho vu 36 op 32 erofgesat ginn.
Iwwert de Panamakanal, deen den Atlantik mam Pazifik verbënnt, gi 5 Prozent vum weltwäiten Handel um Mier a ronn 40 Prozent vum US-Containerverkéier ofgewéckelt. Fir de Betrib vun de Schleise ginn all Dag riseg Waassermasse gebraucht. Dës kommen aus engem vun zwee Séie gespeiste Gebitt. Well et manner Nidderschléi gouf, sinn d'Waasserpeegelen an de Séien däitlech erofgaangen.
D'Dréchent kënnt duerch de Phenomeen El Niño. En entwéckelt sech iwwert dem Pazifik a suergt weltwäit fir Verännerunge bei der Loft, dem Loftdrock an den Nidderschléi souwéi fir méi héich Temperaturen. Üblecherweis trëtt El Niño all 2 bis 7 Joer op an dauert tëscht 9 an 12 Méint. Dëst Joer koum et zur bis ewell stäerkster Ausprägung vum Phenomeen zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen.