
Vu Sizilien aus sinn op en neits pro-palästinensesch Aktiviste mat enger Partie Schëffer a Richtung Gazasträif gestart. Déi sougenannt "Global Sumud Flotilla"-Missioun besteet aus méi wéi 50 Booter, op deenen Hëllefsgidder fir d'Enklav sinn.
Offiziell wëll een déi israeelesch Séiblockad duerchbriechen an en humanitäre Couloir am ëstleche Mëttelmier schafen. Israel huet awer scho wëssen gedoen, dass een dat net wäert zouloossen. Bei der Missioun derbäi sinn och dräi Lëtzebuerger.