
Den amerikanesche President Trump huet den Accord op senger Plattform Truth Social ugekënnegt a schwätzt dobäi vun engem "monumentale Schratt" fir de Fridden an d'Sécherheet an der Regioun. Ee Vertrieder vun der Hamas huet den Accord der brittescher BBC géintiwwer confirméiert, déi Israeelesch Autoritéiten nach net.
No der Demilitariséierung vun der Hamas soll een internationalen Dispositif an Zesummenaarbecht mat enger nei geschafener palestinensescher Police fir Stabilitéit an der Regioun suergen. D'Terrormiliz Hamas hat hir Entmilitariséierung bis elo ëmmer refuséiert, mat der Hëllef vun der Tierkei, Ägypten an dem Katar wier ee sech awer elo eens ginn.