UN-Kommissär fir MënscherechterVolker Türk: Palästinenser trotz Wafferou israeeleschen Attacken ausgeliwwert

RTL mat AFP
Eleng zanter uganks Abrëll wieren op d'mannst 32 Palästinenser bei israeeleschen Attacken ëm d'Liewe komm.
Gazasträif (AFP Archiv)
© afp

De Kommissär fir Mënscherechter vun de Vereenten Natiounen, de Volker Türk huet an enger Stellungnam op sengem offiziellen Internetsite déi aktuell Situatioun vun de Palästinenser an der Gazasträif beklot. Deemno wieren d’Palästinenser och sechs Méint nom Akraafttriede vun der Wafferou nach ëmmer net sécher, et géif weiderhin zu israeeleschen Attacken uechter déi ganz Gazasträif kommen.

Dass nach ëmmer Palästinenser géingen dout gemaach ginn, géif d’Gläichgëltegkeet géigeniwwer palästinenseschem Liewe reflektéieren. Dëst géing doduerch erméiglecht ginn, dass déi Responsabel keng Konsequenzen ze fäerten hätten.

Eleng zanter uganks Abrëll wieren op d’mannst 32 Palästinenser, ënnert hinne Frae, Kanner, Leit mat kierperleche Beanträchtegungen e Journalist an e Mataarbechter vun enger Hëllefsorganisatioun, bei israeeleschen Attacken ëm d’Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO