Noutlandung a Saudi-ArabienCo-Pilot huet Kapitän ugegraff, Israel schwätzt vu versichtem "Terrorattentat"

RTL Lëtzebuerg
D'Méiglechkeet, dass ee vun de Piloten de Fliger wollt ofstierze loossen, steet am Raum. Israeelesche Politiker no wier eng "Katastroph verhënnert" ginn.
Passengers from an earlier diverted flydubai flight are seen after landing at Israel's Ben Gurion Airport in Lod on September 30, 2026.
Passagéier vum Fluch FZ 1073 sinn e Mëttwoch am Nomëtteg zu Tel Aviv ukomm.
© AFP

Eng Maschinn vun der Fluchgesellschaft Flydubai ass Schätzunge vun der israeelescher Regierung no nëmme knapp engem Terrorattentat entgaangen. De Co-Pilot hätt de Fliger mat villen Israeelien u Bord zum Ofstierze wëlle bréngen, sot de Ministerpresident Benjamin Netanjahu e Mëttwoch. De Verdeedegungsminister Katz huet vun engem "versichten dschihadisteschen Terrorattentat" geschwat. De Vol FZ 1073 huet missten a Saudi-Arabien noutlanden. D'Passagéier goufen net blesséiert a sinn no e puer Stonne weider op Tel Aviv geflunn.

De Fliger hat moies um 7:05 Auer Lokalzäit zu Dubai ofgehuewen an no ronn zwou Stonne bemol un Héicht verluer. Den Donnéeë vu Flightradar no ass d'Maschinn bannent enger Minutt op emol vu bal 34.000 Fouss op manner wéi 17.000 Fouss erofgaangen. Israeelesche Medien no waren 166 vun den am Ganzen 174 Passagéier u Bord vun der Maschinn Israeelien.

"Während dem Fluch, wéi si méi no op eist Land duerkoumen, huet ee vun de Piloten deen anere Pilot gepickt an huet wuel probéiert, de Fliger mat jidderengem zum Ofstierzen ze bréngen", sot den Netanjahu an engem Video. De Co-Pilot wier festgeholl ginn a géing elo vun den Autoritéiten a Saudi-Arabien verhéiert ginn. Den Netanjahu huet d'Passagéier, déi agegraff hunn, als "Helde" gelueft, déi eng "grouss Katastroph" verhënnert hätten.

Den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz huet vun engem "versichten dschihadisteschen Terrorattentat" geschwat, deen duerch den "heldenhaften Asaz vun e puer israeelesche Passagéier" verhënnert gi wier. Konkreet Unhaltspunkten huet de Katz awer net genannt. Och de Sécherheetsminister Ben Gvir huet vun engem "Terrorist" geschwat, deen d'Israeelien u Bord "ermorde" wollt.

Grënn fir Sträit nach net bekannt

D'Fluchgesellschaft Flydubai huet dogéint erkläert, datt d'Hannergrënn vun der Ausernanersetzung am Cockpit nach net bekannt wieren. Et wieren Ermëttlunge lancéiert ginn. "Mir bieden all Bedeelegt dréngend, net ze spekuléieren, wärend d'Autoritéiten all klären", esou e Spriecher vun der Fluchgesellschaft.

D'Miriam Shira Ohayon war Passagéier vum Fluch a sot: "De Co-Pilot huet probéiert, de Pilot ëmzebréngen an am Gronn e Selbstmordattentat op de Fliger ze maachen." De Fliger wier kuerz virdru gewiescht, erofzefalen. Nëmmen duerch "déi vill Leit, déi de Co-Pilot iwwerwältegt hunn, konnt dat verhënnert ginn."

Déi israeelesch Noriichtesäit "Ynet" huet e Video verëffentlecht, op deem e Mann a vill Blutt ze gesinn ass. "Mir grad enger Attack u Bord vum Fliger ausgesat", seet hien. "Jiddereen, dee mech héiere kann, mir brauchen Hëllef." Et hätt sech ugefillt wéi eng Faart an enger "Achterbunn", sot e weidere Passagéier der Noriichtenagence AFP. Et wier gewiescht, "wéi wa mir staark Turbulenzen hätten, mä et gouf keng Turbulenzen". Weider huet hie bemierkt, datt et trotz dem Sträit am Cockpit net zu enger "Hysterie" u Bord vun der Maschinn komm wier.

Vol vun Dubai op Tel Aviv ëmgeleet an a Saudi-Arabien noutgelant
D'Méiglechkeet, dass ee vun de Piloten de Fliger wollt ofstierze loossen, steet am Raum. Israeelesche Politiker no wier eng "Katastroph verhënnert" ginn.

Piloten ënner Passagéier iwwerhuele Fliger

De Fliger huet am saudi-arabeschen Tabuk missen noutlanden. All Passagéier ware Flydubai no bei gudder Gesondheet. De Pilot an de Co-Pilot wiere blesséiert an d'Spidol bruecht ginn. D'Passagéier sinn nach e Mëttwoch op Tel Aviv weidergeflunn, wou si am spéiden Nomëtteg ukoumen.

Israeelesche Medien no war duerch de Sträit am Cockpit en Noutsignal ausgeléist ginn. Doduerch sinn israeelesch Kampffligeren erausgeflunn. Weider heescht et, datt zwee Piloten, déi als Passagéier u Bord waren, d'Kontroll iwwer de Fliger iwwerholl hätten an noutgelant sinn.

D'Emirater a Saudi-Arabien hu virop näischt zum Virfall u Bord gesot. Och zu der Nationalitéit vun de Piloten hu si näischt gesot. Israeelesche Medien no soll een aus dem Oman an deen aneren aus de Vereenegten Arabeschen Emirater sinn.

Een AFP-Korrespondent zu Tabuk huet vun enger erhéichter Presenz vu Sécherheetsleit an der Géigend vum Fluchhafe geschwat. Op Fotoen, déi d'AFP vun engem Passagéier geschéckt krut, sinn aner Passagéier ze gesinn, déi an enger Fluchhafe-Lounge waarden. Um wäissen T-Shirt an den Jeans vun engem Mann si Bluttflecken ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO