
No senger däitlecher Defaite bei de Parlamentswalen an Ungarn huet de Viktor Orban elo decidéiert, fir säi Mandat als Deputéierten net unzehuelen. Hie géing den Ament net am Parlament gebraucht ginn, esou d'Begrënnung e Samschdeg den Owend. Hie wéilt sech elo drop konzentréieren, fir dat nationaalt Lager an Ungarn nei z'organiséieren. Gläichzäiteg betount den Orban, hie stéing weiderhin als Chef vu senger rietsnationalistescher Partei Fidesz bereet.