
Zwee Jongen am Alter vun néng an zéng Joer, déi e Méindeg an Niedersachsen an Däitschland als vermësst gemellt gi waren, konnten e Mëttwoch bei engem Familljemember zu Lëtzebuerg fonnt ginn. Den Ament géingen d’Autoritéite kucken, déi zwee Cousinen zréck bei hir Famillje bréngen ze kënnen, wéi et vun der Police zu Cloppenburg heescht. Deemno wieren d’Kanner zu kengem Moment a Gefor gewiescht.
De Beamten no goufen d’Kanner bei engem 30 Joer ale Familljemember zu Lëtzebuerg ugetraff a vun der Lëtzebuerger Police matgeholl. Den zoustännegen däitsche Parquet zu Oldenburg hätt doropshin Ermëttlunge géint de Mann wéinst dem Verdacht op Entféierung vu Mannerjäregen an d’Weeër geleet. Wéi d’Bouwen op Lëtzebuerg koumen a firwat si dohi bruecht goufen, géing aktuell nach ermëttelt ginn.
D’Cousine wunnen der Police no zanter 2025 zu Barßel an enger Wunngrupp. D’Jonge waren e Méindeg de Mëtteg um Wee op e Futtballtraining, koumen awer ni an der Sportshal un. D’Police hat doropshi bei enger grouss ugeluechter Sich e Méindeg an en Dënschdeg mat Sichhënn an Helikopteren no hinne gesicht.
Schonn en Dënschdeg hat d’Police matgedeelt, datt si net vun engem Ongléck oder enger akuter Gefor géing ausgoen. D’Jonge waren dem Stand vun den Ermëttlungen no dee Moment net méi zu am Raum Barßel, wouduerch een och bei Famill am europäeschem Ausland géing ermëttelen, hat et geheescht. Béid Kanner sinn aus Afghanistan an ouni Elteren an Däitschland, well dës bis ewell nach net nokomme konnten.