
De Fluchbetrib um Nürnberger Fluchhafen war en Dënschdeg de Mëtteg zäitweis agestallt ginn. De Grond dofir war e Policeasaz wéinst enger "vermeintlecher Loftnoutlag", esou e Spriecher vun der Police. Aus dem Cockpit vun enger Passagéiermaschinn war iertemlecherweis de Code 7500 gesent ginn, deen op eng Entféierung hindeite soll. Ausserdeem war de Pilot eng Zäit laang net iwwer Funk z'erreeche gewiescht. Dowéinst waren zwou Maschinne vun der Bundeswehr gestart, fir de Fliger op de Fluchhafen ze begleeden.
De Vol, dee vun der griichescher Insel Korfu koum, konnt sécher landen an de Fliger huet no enger Iwwerpréiwung keng Gefor duergestallt. Am fréien Nomëtteg konnt de reguläre Betrib erëm opgeholl ginn.
Schonn an der Nuecht op en Dënschdeg war de Fluchverkéier zäitweis gestéiert. Ausléiser waren zwou méiglech Siichtunge vun Dronen. Policeinformatiounen no hunn dräi Piloten onofhängeg vuneneen op d'mannst een Objet gemellt, dee si beim Start oder bei der Landung gesinn haten. Et kéint sech dobäi ëm eng Dron gehandelt hunn.
D'Grenzinspektioun vum Fluchhafen huet a Koordinatioun mam Albrecht-Dürer-Airport an der däitscher Fluchsécherung direkt Sich- an Detektiounsmesurë gestart. Dobäi ass ënner anerem e Policehelikopter agesat ginn. Eng Dron konnt awer net fonnt ginn.
Wärend dem Asaz koum et zu Aschränkunge beim Fluchbetrib. Et hu sech insgesamt sechs Flich verspéit, dovunner véier Departen. Zwou Maschinnen hu mussen aus Virsiicht op Köln, respektiv op Prag auswäichen, konnten hire Fluch op Nürnberg awer duerno fortsetzen.