Zanter 18 Auer en Donneschdeg sëtzen déi Europäesch Staats- a Regierungscheffe beieneen. Normalerweis waren d'Diskussiounen ënnert dem Rotspresident Antonio Costa ëmmer op een Dag ugesat. Dës Kéier sinn et der zwee, et stellt ee sech zu Bréissel also op ee richtege Verhandlungsmarathon an.
Um éischte Sëtzungsdag en Donneschdeg stoungen Diskussioune mat an iwwer d'Ukrain un. Den ukrainesche President Selenskyj war och perséinlech dobäi, fir sech mat sengen europäesche Partner iwwer néi Kredit-Finanzéierungen austauschen. Do kann een dovun ausgoen, datt een an dësem Punkt viru wäert kommen. Dat och, well vun Ungarn wuel keng Blockad méi ze erwaarden ass, elo wou den neien ungaresche Premier Peter Magyar an net méi de Viktor Orban Ungarn vertrëtt. Iwwer de Bäitrëtt vun der Ukrain an d'EU soll sech dann och ausgetosch ginn. Wäissen Damp gouf et dann ënnert anerem scho bei de Russland-Sanktiounen. Déi 27 EU-Membere si sech, wéi et schéngt, eens, datt d'Sanktioune just nach all zwielef Méint, an net, wéi bis elo, just all sechs Méint musse verlängert ginn.
Vill thematiséiert gouf jo och an de leschten Deeg d'Tatsaach, datt de Rotspresident Antonio Costa de Kontakt mam Kreml gesicht huet. Eppes, wat et esou zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich nach net op deem Niveau ginn ass. Domat gëtt och mat der EU-Linn vu bis elo, nämlech net mat Russland ze schwätzen, gebrach. Dozou seet de Lëtzebuerger Regierungschef Luc Frieden bei senger Arrivée um Sommet dat hei: "Éier ee mat Russland schwätzt, muss een natierlech eng gemeinsam Positioun hunn. Et geet jo net nëmmen drëm, ob den Här oder d'Madamm X oder Y am Numm vun Europa mat Russland schwätzt. Do muss een, fir d'éischt, eis Positioun fir méiglech Negociatiounen nach eng Kéier definéieren. Ech mengen nach net, datt mer op deem Stadium sinn. Datt deen een oder anere wëllt eng Kommunikatiouns-Linn opbauen, dat stéiert mech net fundamental. Mir waren doriwwer net informéiert. Mee Negociatioune sinn dat sécherlech net. An déi muss een och fir d'éischt gutt preparéieren."

E Mëttwoch hunn d'USA an den Iran ee Kader-Accord ënnerschriwwen. All Accord, deen de Krich op en Enn bréngt, géif ee begréissen, esou de Premier. "Den Accord ass ze begréissen, datt et elo e Waffestëllstand gëtt, datt et eng Roadmap gëtt fir déi nächst zwee Méint, iwwert wat geschwat gëtt. An et ass selbstverständlech fir eis relevant, datt den Iran keng Atomwaffe soll kréien. Dat ass net eréischt zënter elo eis Positioun. Dat war ëmmer eis Positioun. A mir hunn natierlech och en Interêt drun, datt aus där Regioun erëm Energie kënnt, datt Düngemëttel kommen an datt d'Präisser sech erëm stabiliséieren an erof ginn."
Op d'Fro hin, wéi Lëtzebuerg sech da kéint am Noen Osten u Friddensinitiative bedeelegen, gëtt de Premier zou, datt d'Mëttel vum Grand-Duché limitéiert sinn. Et kéint ee sech awer mat Satellitten-Kapazitéite nëtzlech maachen, mee dat missten och Militär-Experte jugéieren.
Bei engem Owesiessen hunn déi 27 Staats- a Regierungscheffen iwwer, wéi et offiziell heescht, "makroekonomesch Inegalitéiten" geschwat. Hannert de Kulissen heescht dat awer, datt ee konkret iwwer nei Pisten diskutéiere well, fir ze kucken, wéi een den Handelsdefizit mat China reduzéiere kann, wéinst onfairen Handelspraktike vu Peking. Hei hunn d'Staats- a Regierungscheffen der Europäescher Kommissioun e Freideg an der Nuecht den Optrag mat op de Wee ginn, fir nei Instrumenter auszeschaffen, fir dës onfair Praktike besser ze limitéieren.
Et wier wichteg, datt ee gutt Relatioune mat de Partner ronderëm d'Welt hätt, esou de Luc Frieden. Mee d'Interesse vun Europa, och an der Industrie, misste weider protegéiert bleiwen. "Duerfir muss ee mat alle Partner an der Welt schwätzen an ëmmer kucken, datt ee fairen Handel huet. Wann et Desequilibere ginn, da muss een déi op eng respektvoll Aart a Weis uschwätzen a kucken, ob ee Moossname mécht, fir deen een oder anere Produit esou ze encadréieren, datt et net zu Aarbechtsplazen-Verloschter an Europa kënnt. An dat ass eise Wee, net nëmme vis-à -vis vu China, mee och vis-à -vis vun aneren Handelspartner."
Zu gudder Lescht soll dann an de Verhandlungen e Freideg iwwer de Budget diskutéiert ginn, deen der EU vun 2028-2034 zur Verfügung gestallt gëtt. Do leien d'Vuë vun de Länner deels wäit auserneen. Den Antonio Costa huet sech dat ambitiéist Zil ginn, bis Enn des Joers do een Accord ze fannen. Fir de Luc Frieden wier et wichteg, eng Balance ze fannen. Budgete wieren ëmmer schwiereg, Europa misst a wichtege Beräicher wéi Fuerschung a Kompetitivitéit viru kommen a sech och duerfir déi néideg Moyene ginn. Zur selwechter Zäit wiere Sujete wéi d'Agrarpolitik awer och wichteg, esou nach de Premier.