Déi nächst zwou WochenVerhandlungen zu Bonn sollen d'Richtung fir d'UN-Klimakonferenz an Antalya virginn

AFP, iwwersat vun RTL
Um Sëtz vum UN-Klimasekretariat zu Bonn fänken e Méindeg Verhandlungen un, déi iwwer déi nächst zwou Woche weiderginn.
In Bonn beginnen an diesem Montag zweiwöchige Verhandlungen auf Fachebene über die Senkung der Treibhausgasemissionen und die internationale Klimafinanzierung. Die Gespräche dienen der Vorbereitung der UN-Klimakonferenz im November in Antalya.
Um Sëtz vum UN-Klimasekretariat zu Bonn fänken e Méindeg Verhandlungen un, déi iwwer déi nächst zwou Woche weiderginn.
© AFP

An den Diskussioune geet et ënner anerem dorëm, wéi een d'Zäregasemissioune kéint reduzéieren a wéi déi international Klimafinanzéierung kéint ausgesinn. D'Gespréicher sollen déi nächst UN-Klimakonferenz am November an Antalya preparéieren, déi vun der Tierkei zesumme mat Australien ofgehale gëtt.

Den UN-Klimachef Simon Stiell hat am Virfeld zu "maximale Fortschrëtter" opgeruff. Och Ëmweltorganisatiounen hunn déi international Staategemeinschaft dozou opgeruff, sech decidéiert fir méi Klimaschutz anzesetzen. Si maache virun allem Drock, méiglechst séier aus de fossillen Energien erauszekommen. Et misst ausserdeem méi Ënnerstëtzung fir besonnesch betraffe Länner ginn, fir sech dem sech verännerende Klima unzepassen a fir klimabedéngte Schied auszegläichen.

Back to Top
CIM LOGO