
Duerch den Taifun "Dujuan" sinn a Japan op d'mannst véier Mënschen ëm d'Liewen komm. Weider 22 Mënsche goufen den Autoritéiten no blesséiert. De Katastropheschutz mellt, datt dräi Persounen an der Präfektur Chiba, bei der Haaptstad Tokio, ëm d'Liewe komm sinn an eng weider Persoun an der Regioun Kanagawa gestuerwen ass.
D'Rettungsekippe hunn nach sechs Mënsche gesicht, déi no Äerdrutsche vermësst ginn. Méi wéi 45.000 Stéit an der Regioun waren en Dënschdeg de Moien ouni Stroum.
De Wierbelstuerm ass mëttlerweil ofgeschwächt a beweegt sech vun der japanescher Küst a Richtung Pazifik. D'Autoritéiten hunn déi meescht Warnunge viru staarkem Reen an Äerdrutscher opgehuewen oder erofgestuuft.
An Deeler vun der Regioun gouf Rekord-Reen verzeechent. Den Donnéeë vum Sender NHK no goufen op der Insel Oshima, ronn 120 Kilometer südlech vum Zentrum vun Tokio, bannent 48 Stonnen 832 Millimeter Reen gemooss. Dat ass méi wéi dat Duebelt vun der duerchschnëttlecher Quantitéit fir de ganze Mount September.
E Méindeg ware wéinst dem "Dujuan" och Honnerte Flich gestrach ginn. D’Tokyo Game Show, eng vun de gréisste Videospill-Foiren op der Welt, huet en Dag méi fréi missten zoumaachen. De Klimawandel féiert Experten no zu méi heftege Wiederevenementer wéi Stierm a Staark-Reen. Dës Wiederkonditioune solle sech dann och a méi kuerzen Ofstänn manifestéieren.