12. Nuecht hannerteneen vun US-amerikanesche Loftattacken op Ziler am Iran. Wärend 5 Stonnen hätt ee Rakéiten- an Dronelager, grad ewéi Radarstatiounen ugegraff, huet dat lokaalt Militär-Kommando confirméiert.
Iranesch Attacken op Handelsschëffer an der Strooss vun Hormuz sollen domat evitéiert ginn. Mëttlerweil ass d'Schëfffaart an deem Mierespassage nees quasi um Nullpunkt ukomm.
Den US-President Trump huet e Mëttwoch den Owend iwwerdeems nees kritiséiert, dass Teheran keen Deal wéilt. Se wären nach net prett, mä wäerte ganz geschwënn prett sinn, sot hien, wat als indirekt Menace kann interpretéiert ginn. An effektiv wieren dem Wall Street Journal no, d'Ekippe vu grousse Bomber-Fligeren an héchst Alarmbereetschaft versat ginn.
D'Eskalatioun tëscht dem Iran an den USA riskéiert iwwerdeems déi global Wirtschaft an eng schwéier Kris ze rappen. Déi Warnung kënnt vun der Weltbank, déi fir de weltwäite Wuesstem schwaarz gesäit. Dee kéint op just nach 1,3% falen, gekoppelt un eng Inflatioun déi weider klëmmt.