Strooss vun HormusUSA hu mam Blockage ugefaangen

Joel Detaille
Den Iran schwätzt vu enger grousser Provokatioun a Piraterie a wëll dat Ganzt net acceptéieren.
A ship is seen off the coast of Ras al-Khaimah, the day after the failure of US-Iran peace talks on April 13, 2026.
A ship is seen off the coast of Ras al-Khaimah, the day after the failure of US-Iran peace talks on April 13, 2026.
© AFP

D’USA hu mat hirem Blockage vun der Strooss vun Hormus ugefaangen. Iranesch Häfen am Persesche Golf an am Golf vum Oman däerfen deemno net méi ugesteiert ginn.

Iranesch Militärschëffer géifen attackéiert, seet den Donald Trump.

Den Iran schwätzt vu enger grousser Provokatioun a Piraterie a wëll dat Ganzt net acceptéieren. Éischt grouss Tanker hätten awer schonn Demi-tour gemaach.

Den UNO-Generalsekretär Guterres huet an der Nuecht op en Dënschdeg béid Säite opgeruff, un de Verhandlungsdësch zeréckzekommen. En Accord wier sécher net iwwer Nuecht méiglech, mä wann ee weider matenee géif schwätzen, an d’Wafferou anhalen, wier een der Léisung sécher méi no.

Back to Top
CIM LOGO