
Well een Accord wéi et schéngt an Aussiicht ass, wéilt een d'Situatioun net weider uspanen. En Deal misst awer elo séier op den Dësch, esou den Trump nach weider. Wéi amerikanesch Medie mellen, war d'US-Arméi kuerz virdrun, ee Groussugrëff op den Iran ze lancéieren. Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi hat an engem Gespréich mat sengem saudi-arabeschen Homolog Faisal bin Farhan Al Saud virun enger neier militärescher Eskalatioun gewarnt.
Déi palestinensesch Noriichtenagence Wafa mellt, datt op mannst siwe Mënschen an israeeleschen Ugrëff op d'Gazasträif gestuerwe sinn. Zwee a Gaza-Stad, zwee am Zentrum vun der Gazasträif, an dräi an der Géigend vu Chan Junis. Ee Spriecher vun der israeelescher Arméi sot, et géing een déi Informatiounen iwwerpréiwen. Zanter Oktober d’lescht Joer gëllt am Fong eng Wafferou tëscht Israel an der Hamas, mee et kënnt awer reegelméisseg zu déidlechen Attacken.