Enn vum Iran-KrichUSA an Iran hunn e Kader-Ofkommes ënnerschriwwen

RTL mat AFP
No zéie Verhandlungen a weidere géigesäitege Menacen hunn d'Presidente vun den USA an dem Iran ee Kader-Ofkommes fir en Enn vum Iran-Krich ënnerschriwwen.
Donald Trump vum franséische President Emmanuel Macron a senger Fra empfaange ginn
Den Donald Trump nieft dem franséische President Macron
© GUILLAUME BAPTISTE/AFP

D'USA an den Iran hunn e Kader-Ofkommes ënnerschriwwen. Den US-President huet d'Ofkommes e Mëttwoch den Owend nom G7-Sommet am Kader vun engem Owesiesse mam franséische Staatschef Emmanuel Macron am Schlass Versailles ënnerschriwwen. Den Iran huet donieft déi separat Ënnerschrëft vum President Massud Paseschkian confirméiert.

USA an Iran hunn e Kader-Ofkommes ënnerschriwwen
No zéie Verhandlungen a weidere géigesäitege Menacen hunn d'Presidente vun den USA an dem Iran ee Kader-Ofkommes fir en Enn vum Iran-Krich ënnerschriwwen.

D'Kader-Ofkommes soll dem Iran-Krich een Enn setzen, deen den 28. Februar mat den Attacke vun den USA an Israel op déi islamesch Republik ugefaangen hat. Wärend der Ausernanersetzung sinn dausende Leit gestuerwen, virun allem am Iran an am Libanon. D'US-Arméi huet 13 Zaldote verluer. Donieft sinn duerch d'Suitte vum Krich d'Pëtrolspräisser weltwäit an d'Luucht geschoss.

Dem Vermëttler Pakistan no soll d'Ofkommes direkt a Kraaft trieden. Als éischt géifen d'Hormus-Strooss an d'iranesch Häfen deblockéiert ginn. Den Iran huet weiderhi wëlles, Taxe fir de Passage duerch d'Strooss vun Hormus duerchzesetzen. "Den Iran huet d'Recht op Souveränitéit iwwer d'Strooss vun Hormus an natierlech wäerte mir Taxe kréien", sou de President vum Parlament Ghalibaf. Dem Kader-Ofkommes no muss de Schëffsverkéier duerch d'Strooss vun Hormus eréischt an 30 Deeg komplett nees hiergestallt sinn. Insgesamt bewäert de Ghalibaf d'Kader-Ofkommes als e "Beweis fir d'Scheitere vun den USA."

Den Text fuerdert och en direkt Enn vun den Attacken, och am Libanon, wou Israel géint déi pro-iranesch Hisbollah kämpft. Allerdéngs ass Israel och um Mëttwoch nei Attacke géint Ziler am Süde vum Libanon geflunn.

Als Succès fir sech gesäit d'US-Regierung, datt Teheran sech dozou verflicht huet, seng Reserve vun héichugereechertem Uran ofzebauen, domat soll de Bau vun Atomwaffe wéi vu Washington gefuerdert onméiglech ginn. Dëst soll ënner der Opsiicht vun der Internationaler Atomenergieautoritéit (IAEA) am Iran geschéien. Am Géigenzuch soll den Iran säi Pëtrol nees dierfe verkafen, nodeems dat vun den USA an alliéierte Länner joerzéngtelaang mat Sanktioune beluecht war. Weider Wirtschaftssanktioune géint den Iran sollen no an no opgehuewe ginn.

D'Kader-Ofkommes stellt dem Iran donieft fir de Fall vun engem definitive Friddenaccord een Neesopbau- an Entwécklungsfong an Héicht vun "op d'mannst 300 Milliarden Dollar" (ronn 260 Milliarden Euro) an Aussiicht.

D'Eenegung op e Kader-Ofkommes war international mat grousser Erliichterung opgeholl ginn. Wichteg Froe bleiwen awer nach ze klären - ënnert anerem soll iwwer d'Zukunft vum iraneschen Atomprogramm eréischt no der Ënnerschrëft diskutéiert ginn. Dofir ass eng Verhandlungsperiod vu 60 Deeg virgesinn. An zwee Méint soll dann en definitive Friddensaccord tëscht béide Länner stoen.

Back to Top
CIM LOGO