USA stelle kloer FuerderungAtom-Deal mat Saudi-Arabien nëmme bei Rapprochement mat Israel

RTL Lëtzebuerg
Den US-President Donald Trump verlaangt, datt Israel a Saudi-Arabien hir Bezéiunge sollen normaliséieren. Hie mécht en Atom-Deal mat Riad dovunner ofhängeg.
© KEVIN DIETSCH/Getty Images via AFP

Trump: Atom-Deal mat Saudi-Arabien just wann Israel unerkannt gëtt

Saudi-Arabien muss d'Relatioune mat Israel normaliséieren. Dat wier d'Konditioun fir den Nuklear-Accord mat den USA, esou den Donald Trump um Donneschdeg. Et géing och net zur Uräicherung vu radioaktivem Material a Saudi-Arabien kommen, esou den US-President.

An engem Bäitrag op sengem eegene sozialem Netzwierk Truth Social schreift den Donald Trump um Donneschdeg, den Accord mat Saudi-Arabien wier komplett ofhängeg dovunner, datt Saudi-Arabien dem Abraham-Accord bäitrëtt.

Wärend dem Donald Trump senger éischter Amtszäit hunn 2020 d'Vereenegt Arabesch Emirater an de Bahrain dat Ofkommen ënnerschriwwen, fir hir diplomatesch Relatioune mat Israel ze normaliséieren. Zanterdeem sinn och de Sudan, Marokko a Kasachstan bäigetrueden. D'Positioun vu Saudi-Arabien war bis elo, Israel net unzeerkennen, esou laang et kee palästinensesche Staat gëtt.

Wa Saudi-Arabien dem Abraham-Accord bäitriede géing, wier dat en historesche Schrëtt no vir fir de Fridden, heescht et vum israeelesche Premierminister Benjamin Netanjahu an engem kuerze Communiqué. Den Atom-Accord mat Saudi-Arabien gëtt doran net ernimmt.

Kritiker warnen, datt et duerch d'Ofkommes zu enger Oprëschtung an der Regioun kéint kommen. Dat well Saudi-Arabien den Accord ausnotze kéint, fir en Atomwaffeprogramm opzebauen, esou wéi et dem Iran virgehäit gëtt. Ob dat wäert méiglech sinn ass onkloer. A sengem Statement um Donneschdeg schreift den US-President, et wier keng Uräicherung vu radioaktivem Material virgesinn. Am Accord soll awer eng Klausel virgesi sinn, déi eng Uräicherung erméigleche géing, wa béid Säiten dat fir néideg géingen halen.
Saudi-Arabien wëll Atomkraaftwierker baue fir d'Stroumproduktioun, déi aktuell komplett vu fossiller Energie ofhänkt. Duerch den Accord mat den USA géingen amerikanesch Entreprisen Opträg kréien, fir dës Kraaftwierker ze bauen.

Saudi-Arabien huet sech bis elo net dozou geäussert, dass den US-President den Accord elo un d'Unerkenne vun Israel banne wëll.

Back to Top
CIM LOGO