US-Staatsvisitt zu PekingUSA a China kéinte "Wuel vun der ganzer Welt virubréngen", esou Xi Jinping

RTL mat AFP
Wärend déi lescht Joer tëscht béide Supermuechten éischter duerch Spannunge gepräägt waren, gouf et verséinlech Téin bei der Visitt vum Donald Trump zu Peking.
De chineesesche Staatschef Xi jinping an den US-President Donald Trump bei offizielle Staatsbanquet zu Peking.
De chineesesche Staatschef Xi jinping an den US-President Donald Trump bei offizielle Staatsbanquet zu Peking.
© BRENDAN SMIALOWSKI/AFP

D’USA a China hunn eng fantastesch gemeinsam Zukunft, seet den amerikanesche President fir den Optakt vun de Gespréicher tëscht béide Weltmuechten zu Peking. Et ass déi éischte Kéier zanter 9 Joer, dass een amerikanesche President a China reest. Déi lescht Jore waren éischter gepräägt vu Konflikter: zwee Handelskricher mat Stroftaxen, Tensioune wéinst Taiwan an dem Trump seng Ongedold mat Peking wéinst der Liwwerung vu Virleeferchemikalie fir d'Hierstellung vun Fentanyl.

Fir den Optakt vun de Gespréicher huet den Donald Trump den Xi Jinping als eng groussaarteg Féierungsperséinlechkeet gelueft. "Heiansdo hunn d'Leit net gär, wann ech dat soen, mee ech soen et trotzdeem, well et wouer ass. Et ass eng Éier Äre Frënd ze sinn," esou den Trump.

De chineesesche Staatschef huet betount, déi gemeinsam Interessen tëscht béide Natioune wiere méi grouss wéi hir Meenungsverschiddenheeten. D'USA a China sollte Partner sinn an net Rivalen, sou den Xi Jinping.

D'Gespréicher tëscht béide Staatscheffe hu ronn zwou Stonne gedauert. Nieft dem Taiwan stoungen dem chineeseschen Ausseministère no awer och Theemen iwwer "wichteg international a regional Froen" um Programm, dorënner d'Situatioun am Noen Osten, de Krich an der Ukrain an déi koreanesch Hallefinsel.

Zum Theema Taiwan war et d'Warnung aus China, datt, sollt dëst Thema falsch gehandhaabt ginn, d'USA a China dowéinst uneneegerode kéinten. Wéi et awer ëm d'Strooss vun Hormus gaangen ass, esou ware béid Staatscheffen enger Meenung: Dës misst "op bleiwen", fir datt de weltwäiten "Energiefloss" garantéiert bleift.

Den US-President Donald Trump zesumme mat sengem chineeseschen Homolog Xi Jinping am Himmelstempel zu Peking.
Den US-President Donald Trump zesumme mat sengem chineeseschen Homolog Xi Jinping am Himmelstempel zu Peking.
© BRENDAN SMIALOWSKI/AFP

Nom offizielle Meeting hunn den Xi Jinping an den Donald Trump nach den Himmelstempel zu Peking besicht. D'Anlag gouf jo vun de Keesere vun der Ming- a Qing-Dynastie genotzt. Den Trump sot wärend der Visitt vum Weltkulturierwen, datt "China wonnerschéin ass".

Den Donald Trump huet dann de chineesesche President a seng Fra op Washington invitéiert. "Et ass mir eng Éier, Iech Madamm Peng, eng Invitatioun auszeschwätzen, fir eis de 24. September am Wäissen Haus ze besichen. Mir freeën eis drop", esou den US-President bei grousse Staatsbanquet en Donneschdeg den Owend Lokalzäit. Wärend dem Iessen huet den Donald Trump d'Gespréicher mat der chineesescher Delegatioun als "produktiv" beschriwwen an et wier eng "weider geschätzt Geleeënheet gewiescht, fir sech ënner Frënn auszetauschen.

Den Xi Jinping huet a senger Ried betount, datt ee fir déi chineesesch Natioun nees ze beliewen an Amerika grouss ze maachen, een och "Hand an Hand" kéint goen. Béi Natioune kéinte sech géigesäiteg Hëllefen, fir Succès ze hunn, an zesummen "d'Wuel vun der ganzer Welt virubréngen".

E Freideg solle sech déi zwee Presidenten nach fir eng Téizeremonie an en Aarbechtsiesse gesinn, éier den US-President zeréck an d'Heemescht flitt.

Back to Top
CIM LOGO