
Géint 13:40 Auer e Sonndeg am fréien Nomëtteg huet de Vermëttler Qatar annoncéiert, dass d'Gespréicher iwwert den definitive Friddensaccord tëscht den USA an dem Iran an der Schwäiz ugefaangen hunn.
Vum iranesche Staatsfernsee heescht, dass Teheran bei de Gespréicher op eng Wafferou am Libanon géif bestoen. Ausserdeem wieren déi agefrueren iranesch Suen am Ausland en Thema. Onmëttelbar virun de Verhandlungen huet den iranesche President Peseschkian iwwerdeems op en Neits op d'Recht vu sengem Land, Uran dierfen unzeräicheren, bestanen. Et kéint een den USA schrëftlech versécheren, dass een ni eng Atombomm géif bauen, ma op d'Recht op d'Uranuräicherung géif een net verzichten, dat missten d'USA akzeptéieren, sou den iranesche Staatschef op sengem offiziellen Internetsite.
Den amerikanesche Vizepresident JD Vance ass jo e Sonndeg de Moien zu Emmen bei Luzern gelant. Dat huet ee vu senge Porte-Parolle matgedeelt. E Samschdegowend war schonn déi iranesch Delegatioun an der Schwäiz ukomm.
Eigentlech hätten d'Verhandlunge schonn e Freideg sollen ugoen, se goufen awer no hanne verréckelt. Nodeems Israel e Samschdeg trotz enger vun den USA annoncéierter Wafferou mat der Hisbollah Attacken op de Libanon geflunn ass, stoungen D'Negociatiounen och op wackelege Féiss. An och um Sonndegmoien ass Israel nees Attacken op de Libanon geflunn. D'libaneesesch Autoritéite schwätze vun op d'mannst siwen Doudesaffer, dorënner e Kand ,eng Fra an zwee eeler Leit.
Israel selwer huet sech bis ewell net zu de leschten Attacke per se geäussert. E Sonndeg huet et awer vum israeelesche Verdeedegungsminister Katz geheescht, dass fir d'Zaldote vun der israeelescher IDF aktuell keng Restriktioune beim Virgoe géint Menacen aus dem Libanon géinge gëllen.
No den Attacke vun e Samschdeg gouf et iwwerdeems wiidderspréchlech Aussoen iwwer d'Strooss vun Hormus. Teheran seet, et hätt een de Mierespassage wéinst den neien Attacken zougemaach. D'US-Arméi dementéiert allerdéngs, datt den Iran déi komplett Kontroll iwwerholl hätt. Iwwerdeems warnt den Donald Trump, hie géif eesäiteg amerikanesch Taxen aféieren fir duerchzefueren wann et keen Accord mat Teheran gëtt.