Accord fir "technesch Sécherheetsvirkéierungen"US-Verdeedegungsministère schléisst Ofkommes mat OpenAi of

RTL Lëtzebuerg
Nodeems den Donald Trump en Donneschdeg d'Aarbecht mat der KI-Entreprise Anthropic gekënnegt huet, huet den US-Verdeedegungsministère e Kontrakt mat OpenAI ofgeschloss.
(FILES) OpenAI CEO Sam Altman attends a talk session with SoftBank group Chairman and CEO Masayoshi Son in Tokyo on February 3, 2025.
De CEO vun OpenAI, de Sam Altman
© AFP/

Nodeems de Sträit tëschent der KI-Entreprise Anthropic an der US-Regierung en Donneschdeg eskaléiert war, huet de Verdeedegungsministère elo een Ofkommes mam der US-Entreprise OpenAI ofgeschloss fir d’Notze vun hirer KI. Dobäi hätt ee sech op “technesch Sécherheetsvirkéierunge” gëeenegt, huet de Chef vun OpenAI, Sam Altman, duerno op der Online-Plattform X präziséiert.

Zwee vun hire wichtegste Grondsätz a punkto Sécherheet wieren: De Verbuet vun der Masseniwwerwaachung am Land an déi mënschlech Verantwortung fir d’Uwenne vu Gewalt, och bei autonome Waffesystemer. Anthropic hat änlech Konditioune gestallt an dem Pentagon awer en onageschränkte militärescht Notze vun hirer KI refuséiert, wouropshin den US-President Trump d’Autoritéiten opgeruff huet mat effet immédiat op hir KI-Servicer ze verzichten.

Back to Top
CIM LOGO