
Vertrieder vum Schauspiller hu säin Doud e Méindeg der Noriichtenagence AFP géigeniwwer confirméiert. Eng Doudesursaach gouf bis ewell nach net matgedeelt. Et ass allerdéngs gewosst, datt hie mat enger Paralysie cérébrale ("Cerebral palsy") gelieft huet, enger Krankheet, déi Beweegungsschwieregkeeten ausléist an op eng Schiedegung vum Gehier zeréckgeet.
Als Jugendlechen hat hie Mëtt 2008 säin éischten Optrëtt als Walter White Jr. a "Breaking Bad", de Jong vun engem Chimiesproff a spéideren Drogeboss Walter White.
Duerch seng eegen Erfarunge mat der Paralysie cérébrale huet de Mitte "senger Roll Authentizitéit ginn an huet eng Plattform fir d'Bewosstsi fir Behënnerungen an Inclusioun" geschaaft, huet et an enger Erklärung geheescht.
"Breaking Bad" ass tëscht 2008 an 2013 iwwer fënnef Staffele gelaf a gëtt och haut nach als exzeptionell Serie gefeiert. D'New York Times huet "Breaking Bad" an engem Ranking als bescht Serie vum 21. Joerhonnert bezeechent.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu