Bekannten ImmunologUS-Republikaner wëlle fréiere Corona-Beroder Fauci viru Geriicht bréngen

AFP, iwwersat vun RTL
D'US-Republikaner wëllen de bekannten Immunolog a fréiere Corona-Regierungsberoder Anthony Fauci viru Geriicht bréngen, well hien de Kongress mëssuecht soll hunn.
Die US-Republikaner wollen den bekannten Immunologen und früheren Corona-Regierungsberater Anthony Fauci wegen Missachtung des Kongresses vor Gericht stellen lassen. Dafür stimmte ein Senatsausschuss.
Den Anthony Fauci ass zanter der Corona-Pandemie eng Haassfigur am rietse Lager a gouf och ëmmer nees vum US-President Donald Trump verbal attackéiert.

© AFP/Archiv

De Kommitee fir Bannescht Sécherheet am Senat, dee vun de Republikaner kontrolléiert gëtt, huet en Donneschdeg fir eng Demande un de Justizministère gestëmmt, ee Strofprozess géint de 85 Joer ale Medezinner ze lancéieren. De Fauci hat sech d'lescht Woch bei enger Unhéierung geweigert, op eng Rei Froe vu republikanesche Senateuren ze äntweren, déi him a ville Fäll béis gesënnt waren.

De pensionéiere Wëssenschaftler huet sech a sengem Refus op de fënnefte Verfassungszousaz beruff, dee beseet, datt ee sech net selwer muss inculpéieren. D'Republikaner leeën dat als "Mëssuechtung vum Kongress" aus.

De Fauci ass zanter der Corona-Pandemie eng Haassfigur am rietse Lager a gouf och ëmmer nees vum US-President Donald Trump verbal attackéiert. Hannergrond sinn ënnert anerem seng deemoleg Recommandatioune fir Corona-Schutzmasken, Couvre-feuen an Impfungen. D'Republikaner geheien dem Fauci ouni iergendwellech Beweiser och eng Vertuschung vun den Ursaache vun der Pandemie vir. Hien hätt d'Fuerschung a China matfinanzéiert, déi hinnen no zu der Pandemie gefouert hätt.

De fréieren US-President Joe Biden vun der Demokratescher Partei hat de Fauci zum Enn vu senger Amtszäit am Januar 2025 preventiv begnodegt, fir hie viru juristescher Verfollgung ze schützen. Ofgedeckt ass domat den Zäitraum vun 2014 bis 2025. De Fauci huet trotzdem Angscht, datt d'Republikaner ee Prozess géint hie kéinte lancéieren.

De 85 Joer alen Immunolog hat d'lescht Woch de Verdacht geäussert, de republikanesche Senateur Rand Paul hätt hie virgelueden, fir hie wéinst Falschaussoen "hanner Gitter ze bréngen", wann hie sech bei der Interrogatioun virum Senat ouni ze mierken a Widderspréch géif verstrécken. Op de Rot vu sengen Affekoten hat hien dowéinst keng Froe wëlle beäntweren.

D'Republikaner argumentéieren, de Fauci kéint sech wéinst dem Biden senger Begnodegung net och nach op de fënnefte Verfassungszousaz ("Fifth Amendment") beruffen. Hien hätt dowéinst d'Froe vun de Senateure beäntwerte missen. Ob dat wierklech esou ass, ass eng komplizéiert juristesch Fro, iwwer déi méiglecherweis d'Geriichter decidéiere mussen.

Nom Vott am Senatskomittee en Donneschdeg, de Fauci wéist Mëssuechtung vum Kongress viru Geriicht ze stellen, musst elo u sech nach de ganze Senat iwwer d'Fro ofstëmmen. Dëse Schrëtt wëllen d'Republikaner awer iwwersprangen an d'Demande fir ee Prozess géint de Fauci direkt un de Justizministère schécken. Dat kritiséieren d'Demokraten.

Back to Top
CIM LOGO