
1980 huet den Ted Turner CNN gegrënnt an domadder eng Revolutioun ugefaangen, wéi d'Amerikaner a wéi déi ganz Welt hir Noriichte kréien. Duerch dëse Schratt ass hien och zu engem vun de gréisste Geschäftsleit a Philanthrope vu senger Zäit ginn. Hie war ëmmer bekannt dofir, datt hie gäre Risiken ageet. Och dat huet him gehollef, fir d'Tëleesindustrie am spéiden 20. Joerhonnert ze revolutionéieren.
Och huet hie sech en Numm gemaach, datt hie gären emol spektakulär Geschäftsdealer agaangen ass. Ma och als Besëtzer vu professionelle Sportsekippen oder wéinst sengem Mariage mat der Actrice Jane Fonda stoung den Ted Turner am Fokus vun der Opmierksamkeet. 2018 hat den Ted Turner public gemaach, datt hien un Demenz erkrankt wier.
Als Robert Edward "Ted" Turner III gouf hien am November 1938 zu Cincinnati am US-Bundesstaat Ohio gebuer. Hie goung am Tennessee an eng Militärschoul an war dono op der Brown University. Hei gouf hien awer erausgehäit, éier hie säin Ofschloss konnt maachen.
Nom Selbstmord vu sengem Papp huet den Ted Turner d'Familljegeschäft iwwerholl, datt sech op Publicitéite spezialiséiert hat a finanziell an enger ganz schwiereger Situatioun war. Nodeem den Turner verschidde Radiostatiounen an den USA kaf huet, huet hien 1970 e lokale Tëleessender zu Atlanta kaf, dee finanziell och net gutt do stoung. Dëst war säin éischte Kontakt mat der Tëleeswelt.
Zéng Joer méi spéit war dëst d'Zuchpäerd vum Turner Broadcasting System ginn, dat antëscht an de ganzen USA empfaange konnt ginn. De Profit heivunner huet hien an d'Kreatioun vu CNN investéiert. CNN war an den USA den éischte Sender, deen een iwwer Kabel konnt empfänken an dee 24 Stonne um Stéck Noriichte bruecht huet. De Sender an d'Konzept hunn esouwuel an den USA, wéi och méi spéit op der ganzer Welt zu groussem Succès fonnt. 1990 an 1991 war CNN an den USA dee Sender, bei deem d'Amerikaner permanent iwwer de Golf Krich informéiert goufen, well een hei eng éischte Kéier am grousse Stil op Satellitten-Technologie gesat huet.
CNN gëllt nach haut als Virbild fir ënner anerem Fox News, MSNBC a vill änlech Programmer op der ganzer Welt. Am Turner-Grupp sollt et net eleng bei CNN bleiwen. Sender wéi TBS oder TNT, déi sech op Sport oder Entertainment fokusséiert hunn, koumen no. Méi spéit koum dann och nach Cartoon Network fir déi méi jonk Spectateuren. Duerch e cleveren Deal war den Ted Turner dann och un d'Rechter vu ville Filmer aus den MGM-Studioe komm, nach éier et 1996 zu der Fusioun tëscht Turner Broadcasting an Time Warner koum, wat esou an der amerikanescher Film- a Fernseebranche e richtegt Powerhouse gouf. 2001 huet dann AOL Time Warner fir 165 Milliarden US-Dollar kaf, wat nach haut als eng vun de gréisste Fusiounen an der Geschicht gëllt.
Dëse Mariage sollt awer am nächste Joerzéngt duerch schlecht Wirtschaft vun AOL zerbriechen, wouduerch den Ted Turner e puer Milliarden Dollar verluer huet.
Kuerz no der Annonce vu sengem Doud huet den US-President Donald Trump op Truth Social reagéiert. Hien huet den Ted Turner als "ee vun de Beschte vun allen Zäiten an ee vun de gréisste Broadcaster an der Geschicht" gelueft.
Sportlech gesinn hat den Ted Turner ënner anerem an d'Baseballekipp Atlanta Braves, d'Basketsekipp Atlanta Hawks an d'Äishockey Ekipp Atlanta Thrashers investéiert.
Net just als bekannte Geschäftsmann huet den Ted Turner sech en Numm gemaach, mee och als Philanthrop. Esou gouf hien 1991 zum "Man of the Year" vum Time Magazin ernannt. Et war dat selwecht Joer, an deem hie seng drëtt Fra Jane Fonda bestuet huet. D'Bestietnis ass awer no ronn 10 Joer op en Enn gaangen an d'Ex-Koppel huet sech géigesäiteg d'Schold dofir ginn.
An engem Interview mat der New York Times huet den Turner sech 1996 driwwer beschwéiert, datt "all d'Suen an der Hand vun e puer räiche Leit sinn, a kee vun hinne gëtt eppes dovunner ewech". Ma et sollt net just bei der Kritik bleiwen, well zwee Joer drop huet den Turner eng Milliard Dollar un d'UN gespent, fir d'UN-Fondatioun ze grënnen, déi sech op de Klimawandel, erneierbar Technologien an d'Gesondheet konzentréiert.
2003 huet den Ted Turner seng Féierungspositioun bei Time Warner opginn, fir sech anere Projeten ze widmen. Hie wollt méi Zäit fir d'Turner Foundation hunn, déi hien 1990 gegrënnt huet fir géint de Klimawandel, respektiv d'Pollutioun vu Waasser a Loft virzegoen. Hei hat hien iwwer 380 Milliounen Dollar investéiert. 1997 hat hien d'Turner Endangered Species Fund an d'Liewe geruff, fir menacéiert Déierenaarten ze retten an ze schützen.