Reaktioun op iranesch AttackenUS-Krichsschëffer sollen Tanker duerch d'Strooss vun Hormus ze begleeden

AFP, iwwersat vun RTL
Den Iran soll domat ugefaangen hunn, Séi-Minnen an der Strooss vun Hormus ze verleeën.
Den Donald Trump schwätzt mat Journalisten, éier hien u Bord vun der Air Force One geet.
Den Donald Trump schwätzt mat Journalisten, éier hien u Bord vun der Air Force One geet.
© SAUL LOEB/AFP

Den amerikanesche President Trump huet ugekënnegt, datt US-Krichsschëffer geschwënn domat géifen ufänken, Tanker duerch d’Strooss vun Hormus ze eskortéieren. Déi iranesch Revolutiounsgarde blockéieren déi, fir den Ueleg-Transport, esou wichteg Plaz am arabesche Mier. Wéi et vu verschiddene Medien heescht, hätten déi iranesch Autoritéiten elo domat ugefaangen, Minnen an der Mierengt ze verleeën, fir Handelsschëffer ze attackéieren. Bis ewell wieren op d’mannst 16 Schëffer ugegraff ginn.

Op der anerer Säit hunn d’USA gemellt, datt een d’Militär-Infrastruktur op der iranescher Insel Kharg zerstéiert hätt. Déi fir den Iran wichteg Ueleg-Infrastruktur op der Insel hätt ee fir den Ament nach net viséiert. Wann d’Strooss vun Hormus awer weider géif blockéiert ginn, géif een dës Decisioun iwwerdenken, esou den President Trump.

De Schëffsverkéier an der Regioun huet zanter dem Ufank vum Iran-Krich praktesch opgehalen, wat aktuell Konsequenzen op déi weltwäit Ueleg-Präisser huet.

Back to Top
CIM LOGO