Areesverbueter a Méiglechkeet vu StroftaxenUS-Kongress stëmmt méi streng Sanktioune géint Russland

AFP, iwwersat vun RTL
Kritik um Sanktiounspak gëtt et vun den Demokraten. Dëse géif dem Donald Trump ze vill Spillraum bei der Decisioun loossen, ob tatsächlech Sanktioune verhaange ginn.

Den US-Kongress huet e Mëttwoch fir däitlech méi streng Sanktioune géigeniwwer Russland gestëmmt. Nom Senat huet e Mëttwoch och d'Representantenhaus säin Accord fir deen neie Sanktiounspak ginn. Et ass deen éischten am Donald Trump senger zweeter Amtszäit. E gesäit ënnert anerem Arees-Verbueter géint de russesche President Putin an eng Rei Vertrieder vum russesche Militär vir, déi fir de russesche Krich géint d'Ukrain responsabel sinn. Ausserdeem gëtt hiert Verméigen an den USA agefruer.

Donieft gëtt déi russesch Schatten-Flott, mat där Moskau déi international Sanktioune géint de russesche Pëtrol wëll ëmgoen, méi staark an d'Viséier geholl. Ausserdeem kann den Donald Trump elo Strof-Taxen op Importer aus Russland an aus Länner, déi mat Russland alliéiert sinn, verhänken. Fir Importer aus Russland sinn Importtaxe vu maximal 500 Prozent méiglech, fir Produiten aus China an Indien sinn et 100 Prozent. Béid Länner gehéieren zu de fënnef gréissten Importateure vu russeschem Pëtrol a Gas.

262 Deputéierter hu fir de Sanktiounspak gestëmmt, deen nom verstuerwenen US-Senator Lindsey Graham benannt ass. 159 waren dogéint.

Vun demokratescher Säit gëtt et allerdéngs staark Kritik um Pak. Dëse wier esou strukturéiert, dass den Donald Trump seng Méiglechkeet, fir ze decidéieren, ob tatsächlech Sanktioune verhaange ginn, esou grouss ewéi méiglech ass. All Verflichtung fir Sanktiounen ze erloossen wier dogéint esou schwaach ewéi méiglech gehalen.

Back to Top
CIM LOGO