
Den Doud vun der 92 Joer aler US-Journalistin a Fraerechtlerin gouf op hirem offiziellen Instagram-Account matgedeelt. Si wier deemno e Mëttwoch zu New York gestuerwen, "ëmgi vu villen, déi si gär haten".
D'Gloria Steinem war d'Grënnerin vum bekannte feministesche Magasinn "Ms." a gouf an de 60er Joren an den USA zu engem vun de wichtegste Gesiichter vun der Fraebeweegung. Als Journalistin huet si ënnert anerem een Artikel iwwert dem Hugh Hefner säi Playboy-Imperium geschriwwen, nodeems si sech undercover als Playboy Bunny infiltréiert hat. Den Artikel "A Bunny’s Tale" huet si international bekannt gemaach.
Hir Karriär als Feministin huet richteg ugefaangen, wou si 1969 als Journalistin un engem "Speak out"-Event deelgeholl huet, wou Fraen iwwer hir Erfarunge mat illegalen Ofdreiwunge geschwat hunn. Dës Episod hätt och hirer eegener Erfarung ee Sënn ginn, sot si Jore méi spéit dem "New York Magazine". si hätt och ofgedriwwen, ma ni engem dovunner verzielt.
An der Fraebeweegung war si eng vun de wichtegste Perséinlechkeeten, andeems si sech mat anere Fraen an der Zeen vernetzt huet an ënnert anerem den National Women's Political Caucus (NWPC) matgegrënnt huet. Och an de Joren duerno ass si ronderëmgereest, huet Riede gehalen an Essaye geschriwwen, a war op Demoen a Protester derbäi.